No der Chute vum President Baschar Al-Assad huet ënnert anerem och Lëtzebuerg decidéiert, Honnerten Dossiere vu syreschen Asyldemanden ze suspendéieren. Déi Concernéiert fuerderen elo, datt hir Fäll endlech nees traitéiert ginn.
De Mohammad Harer, Organisateur vun der Manif, schwätzt vun engem onfairen Ëmgank.
"C’est vraiment pas juste d’arrêter le traitement de dossiers d’un groupe de personnes. 850 personnes sont dans les foyers, ils souffrent tous les jours, ils savent pas quoi attendre, ils attendant une réponse pour travailler et étudier."
Ongewëss berufflech Zukunft
Fir vill vun den Asyldemandeuren ass net nëmmen d’Ongewëssheet e Problem, mee och de Manktem u Méiglechkeeten, sech eng nei Zukunft opzebauen. Sou geet et och dem Abdulrahman Faroukh. Hien ass Ingenieur aus Syrien an zënter zwee Joer zu Lëtzebuerg, mee seng berufflech Perspektiv läit op Äis. Trotz Hëllef vun engem Assistant Social kënnt hie mat senger Demande net virun.

"Je suis un ingénieur de Syrie, mais j’attends depuis deux ans la reconnaissance de mon certificat. Mais ca marche pas. Parce que j’ai besoin de ma carte de séjour."
Inneministère: Traitement vun Asyldemandë vu Syrer si weider pauséiert
Vill vun den Demonstranten hu betount, datt d’Liewensbedingungen an hirem Heemechtsland weiderhin net sécher genuch wieren. E Retour wier fir si weiderhin net méiglech. A Syrie wier momentan zum Beispill nach ëmmer Biergerkrich.
Op eis Nofro hin huet den Inneministère confirméiert, datt et hei awer nach keen neie Moment gëtt an den Traitement vun den Asyldemanden aus Syrien nach ëmmer bis op Weideres pauséiert gëtt.