Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fënnef Leit komme bei Fliger-Kollisioun ëm d'Liewen - den 379 Japan Airlines-Passagéier ass näischt geschitt

Flughafen Tokio-Haneda

Fënnef Leit komme bei Fliger-Kollisioun ëm d'Liewen - den 379 Japan Airlines-Passagéier ass näischt geschitt

Een dramateschen Tëschefall gouf et de Moien um Flughafen Haneda zu Tokio. Ee Fliger vu Japan Airlines ass direkt no der Landung mat engem Fliger vun der japanescher Küstenwache zesummegestouss an a Brand geroden.

auto_stories

2 min

Der Fluchgesellschaft no hätten déi 379 Passagéier a Membere vum Equipage kënnen evakuéiert ginn. Fënnef vun de sechs Persounen u Bord vun der Bombardier vun der Küstenwache si gestuerwen, huet den Transportminister an der Mëttesstonn confirméiert. De Pilot wier schwéier blesséiert ginn.

De Fliger sollt Material an d‘Äerdbiewe-Regioun un d‘Westküst vu Japan bréngen. Wéi et zum Accident koum, ass bis ewell nach net gekläert. 

Japan Airlines Fluch 516 ass um 16h00 Lokalzäit vum Chitose Flughafe bei Sapporo fortgeflunn. Bei der Maschinn handelt et sech ëm een Airbus A350-900. De komplette Flughafen Haneda ass den Ament dann och gespäert.