Radioen

On air

Notturno  |  Nourished By Time - Quantum Suicide

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Tilly Metz: Fir d'Verhale vum Pim Knaff sollen déi gréng net bestrooft ginn

Gemeng Esch

Tilly Metz: Fir d'Verhale vum Pim Knaff sollen déi gréng net bestrooft ginn

D'Tilly Metz wéisst net, “firwat déi gréng solle bestrooft gi fir eppes, wat ee vun enger aner Partei gemaach huet”. Dat sot si am 100,7-Interview als Reaktioun op Kriticke géintiwwer der Decisioun vun den Escher Gréngen, fir hannert der Koalitioun ze stoen. Dat trotz der Verurteelung vum DP-Schäffe Pim Knaff wéinst Steierbedruch.

auto_stories

1 min

D'Tilly Metz ass verwonnert iwwer d'Kriticke géintiwwer der Decisioun vun den Escher Gréngen, fir hannert der schwaarz-blo-grénger Koalitioun ze stoen. Dat trotz der Verurteelung vum DP-Schäffe Pim Knaff wéinst Steierbedruch.

Si huet am 100,7-Interview ze verstoe ginn, datt si net gesäit, firwat déi Escher Gréng d’Koalitioun wéinst engem Feeler vun enger eenzelner Persoun hätte solle platze loossen.

D’Tilly Metz huet betount, datt hir Partei anescht mat esou engem Fall ëmgaange wier.

"Bei eis hätt dat ganz aner Konsequenze gehat. Dat huet ee jo och am Passé gesinn, datt Leit, déi mol net verurteelt waren, déi hunn hir Responsabilitéit geholl an hu sech zeréckgeholl. Mir hunn do ganz héich Standarden als Gréng."

Si huet ënnerstrach, datt de Pim Knaff selwer seng Responsabilitéit misst huelen, an déi Escher Gréng elo net fir säi Verhale bestrooft solle ginn.

"Ech mengen, do ass e ganz ambitionéiert Koalitiounsofkommes, dat do um Dësch läit, wou scho geschafft ginn ass. A mir hunn e Koalitiounsofkommes mat enger Partei ënnerschriwwen, an net mat enger eenzelner Persoun."

An der geschriwwener Press an och op de soziale Medie war d'Decisioun vun den Escher Gréng vill kritiséiert ginn.