Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 33 Persoune festgeholl déi am Verdacht stinn, fir Israel spionéiert ze hunn

Tierkei

33 Persoune festgeholl déi am Verdacht stinn, fir Israel spionéiert ze hunn

An der Tierkei goufen 33 Persoune festgeholl, déi verdächtegt gi fir Israel spionéiert hunn. Dat hunn zwou tierkesch Presseagencen haut gemellt. Si hätten deemno Auslänner, déi an der Tierkei wunnen, fir den israeelesche Geheimdéngscht ausspionéiert. 13 weider Verdächteger géifen nach gesicht ginn.

auto_stories

1 min

Dem tierkeschen Inneminister no hätt den israeelesche Geheimdéngscht geplangt, fir verschiddener vun dësen auslännesche Residenten ze agresséieren oder ze entféieren.

D‘Relatiounen tëscht Israel an der Tierkei sinn zanter dem Ufank vum Gaza-Krich massiv deterioréiert. Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan ënnerstëtzt déi palestinensesch Säit am Konflikt an huet den israeelesche Premierminister rezent mam Adolf Hitler verglach.