Radioen

On air

Tockcity  |  Cousines like Shit - TO-DO-LIST

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Thierry Mersch: Musek, Sangen an den ESC

Sot Emol

Thierry Mersch: Musek, Sangen an den ESC

Et ass wéi all Joers, wann um Kalenner de Mount Mee steet, d’Zäit vun dem Eurovison Song Contest, dem ESC, eng Manifestatioun déi vun e puer Honnert Millioune Mënschen op der ganzer Welt suivéiert gëtt.

auto_stories

3 min

headphones

53 min

play_arrow

De Lëtzebuerger Museker a Sänger Thierry Mersch ass en absolutten Adept vum ESC an dat scho vu senger Kandheet un a mat der Zäit huet hie sech esouguer zu engem Expert vun dësem internationale Gesangsconcours entwéckelt.

Fir den 100,7 bei ESC-Finallen derbäi

Den Thierry Mersch huet direkt e puer Joer fir den 100,7 beim Eurovision Song Contest déi Finalle couvréiert, a konnt och hannert d‘Kulisse vum ESC kucken.

"Dat weess de jo als Zuschauer wat do hannert de Kulisse leeft, déi Wansinnsaarbecht an deen Opwand. (…) Dat ass eng riseg Famill, do géif keen deem aneren de Kapp aschloen. Si versti sech einfach, an et hat een all Joers den Androck, e vergonnt een deem aneren et."

An dann huet den Thierry Mersch och probéiert als Kënschtler beim ESC ze participéieren, wat awer bis elo nach net gegléckt ass.

Et kann een nees vu Superlative schwätzen

De 15. Mee elo gëtt et eescht, dann ass déi zweet Halleffinall vum Eurovision Song Contest vun dësem Joer wou d’Laura Thorn mat hirem Titel “La poupée monte le son” eis Faarwe vertrëtt. An d’Hoffnung ass grouss, datt d’Laura Thorn och de 17. Mee an der Finall zu Basel mat dobäi ass, an den Thierry Mersch ass och der Meenung, datt deen Ament jo alles geschéie kann.

"Ech fannen hatt enorm sympathesch an hatt ass eent vun eis, hatt schwätzt Lëtzebuergesch, hatt ass locker, flocker, witzeg. Ech freeë mech einfach, hoffentlech op déi zwee Momenter de 15. an de 17. Mee."

D’Lidd ass och en Hommage en e Gewënnerlidd

D’Lidd mat deem Laura Thorn zu Basel un den Depart geet, “La poupée monte le son” ass jo och en Hommage un déi verstuerwene franséisch Sängerin France Gall déi 1965 mam Titel “Poupée de cire, Poupée de son” fir Lëtzebuerg gewonnen hat. E Lidd dat den Thierry Mersch och absolutt iwwerzeegt huet.

"Ech fannen et richteg, richteg gutt. Et ass komplett op franséisch an ech fannen dat pickegt, dat provokant an deem Text, dat ass mer um Ufank beim éischte lauschteren mol guer net bewosst ginn, mee wann s de dann emol e bësse méi déifgrënneg dra gees an dann denks: Oh! Déi trauen sech eppes."

E Lidd fir den ESC

An da kann een och festhalen datt dem Laura Thorn säi Lidd deels nees eng Kéier un de fréieren ESC-Sound erënnert.

"D’Lidd fänkt jo ganz bewosst esou un, mat den éischten Noute vun eisem Gewënnersong vun deemools. An ech fannen déi nei Versioun, déi se elo gemaach hunn, ech fannen déi nach vill, vill, vill méi flott wéi déi am Luxembourg Song Contest. Dat Lidd huet wierklech Wuppes."

An et ass e Lidd dat ee séier am Ouer huet.

"Et bleift absolut hänken, also ech hu mech schonn X-mol dobäi erwëscht, datt ech et no gesummt hunn."

An domadder kann een dem Laura Thorn fir den 15. Mee, an hoffentlech och fir déi grouss ESC-Finall de 17. Mee zu Basel ganz fest Daumen.

Lauschterenplay_arrow