Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "The Ash That Shall Remain" - Release Party vum neie Blanket Hill Album an der Rockhal

Nei Musek

"The Ash That Shall Remain" - Release Party vum neie Blanket Hill Album an der Rockhal

Op hirem mëttlerweil sechste Release zënter dem Ufank vun der Band am Joer 2015 ass d’Lëtzebuerger Hardcore Band Blanket Hill nach méi granzeg wéi gewinnt.

auto_stories

2 min

headphones

9 min

play_arrow
Foto: Blanket Hill

David Wagner

"The Ash That Shall Remain" huet d’Band ronderëm de Sänger a Lidderschreiwer David Masion hiren drëtten Album genannt. Äschen, déi iwwreg bleiwen, wann déi ganz Welt verbrannt ass, nodeems et mat der Gesellschaft ferm biergof gaangen ass. Ënnert anerem eventuell och wéinst dem rezente politesche Rietsruck uechter d’ganz Welt, esou den David Masion am Interview.

Mee net nëmme wéinst politescher Onzefriddenheet huet de jonke Museker ëmmer eppes ze soen. Huet e mol e laangen Dag, gëtt owes einfach e puer Stonnen op der Gittar gerifft an dacks ass dann och brauchbaart Material dobäi, un deem spéider kéint wieder gefeilt ginn.

Kreative Songwriting

A mat all den technesche Méiglechkeeten, déi et hautdesdaags gëtt fir Musek einfach a séier opzehuelen, kënnt dann och relativ séier ëmmer nees genuch neit Material zesumme fir kënnen ënnert d’Leit bruecht ze ginn, esou de Sänger weider, dee sech esou och erkläert, wéi d’Band an hirer dach nach jonker musikalescher Karriär schonn esou vill Musek konnten erausbréngen.

Ausserdeem wier et och net vun Nodeel gewiescht, datt den zimmlech begaabten a virtuose Miguel Texeira, deen der Lëtzebuerger Metal-Zeen virun allem duerch säi Geshreds bei den Thrasher vu Fusion Bomb bekannt dierft sinn, zënter e puer Joer och bei Blanket Hill déi zweet Gittar spillt. Och hien huet dem David no zu engem séieren a kreative Songwriting bäigedroen. Mat him wier eng Zesummenaarbecht zu zwee entstan, änlech wéi bei Metallica tëscht dem James Hetfield a Lars Ulrich.

Hardcore-Album, souguer mat enger Ballad

Mee et ass net alles nëmme schwaarz um sechste Release vun de Lëtzebuerger. Als lescht Lidd vum Album huet d’Hardcore Band esouguer eng Ballad geschriwwen, déi Fans vun der Band dierft iwwerraschen.

Den Album kënnt freides, de 27. September 2024 op alle gängege Plattformen eraus. Den Dag drop um Samschdeg, den 28. September gëtt den Album da mat enger Release Party an der Rockhal gefeiert. Mat dobäi sinn Deviant vu Paräis an d’Lëtzebuerger vu Blame The Others. Lass geet et um 20:30 Auer.

Weider Informatiounen zum Album an der Release gëtt et op der Facebook Säit vun der Band.

De ganzen Interviewplay_arrow