Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Tensiounen huelen och am Westjordanland zou

Noen Osten

Tensiounen huelen och am Westjordanland zou

Um 19. Dag haut vum Krich am Noen Osten, dee vun de bluddegen Attacke vum Hamas vum 7. Oktober ausgeléist gi war, ginn d‘Bombardementer op béide Säite virun. D‘Hamas-Regierung huet matgedeelt, datt hënt rëm op d‘mannst 80 Mënschen an der Gazasträif bei israeeleschen Attacken ëm d‘Liewe komm wieren.

auto_stories

1 min

Gazasträif no israeleschen Attacken | © picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
Gazasträif no israeleschen Attacken (Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib)

Déi Zuele vun der Hamas kënnen net onofhängeg iwwerpréift ginn.

De Moie goufen och israeelesch Attacken op Dierfer am Süde vum Libanon gemellt. En israeelesche Fliger hätt zwou Rakéiten op en Duerf geschoss… am Süde vum Libanon huet d‘Partner-Organisatioun vum Hamas, d'Hisbollah Stellungen. Un der Grenz tëscht Israel an dem Libanon kënnt et zanter dem Ufank vum Krich ëmmer rëm zu Tëschefäll. D‘Hisbollah huet bis elo 40 Doudeger op libanesescher Säit gemellt.

Zanter der Terrorattack an der Gazasträif ginn et och Tensiounen am Westjordanland. Wéi déi palestinensesch Autoritéiten haut mellen, wieren am Westjordanland dobäi schonn iwwer 100 Mënsche gestuerwen.