Radioen

On air

Tockcity  |  Skrillex, Boys Noize, Dylan Brady - Heavy Heart

play_arrow Live
search

/ Tate-Bridder goufen nees verhéiert

Nei Virwërf

Tate-Bridder goufen nees verhéiert

A Rumänie goufen déi zwee Influencer-Bridder Tristan an Andrew Tate op en Neits festgeholl a verhéiert. Déi britesch-amerikanesch Bridder an zwou presuméiert Komplizinne kréie virgehäit, jonk Fraen dozou gezwongen ze hunn, bei kommerziell verbreete Sex-Videoe mat ze wierken.

auto_stories

1 min

Andrew Tate | © Wikimedia Commons
Andrew Tate (Foto: Wikimedia Commons)

Si hätten d‘Meedecher mat Manipulatiounstechnike vun sech ofhängeg gemaach. Déi rumänesch Enquêteuren hu 7 Affer identifizéiert, vun deenen der dräi als Klägerinnen am Prozess optrieden.

D‘Bridder dementéieren all d‘Reprochen. Déi zwee sinn zënter engem Joer nees op fräiem Fouss, mat der Aschränkung datt si d‘Land net dierfe verloossen. Rezent waren si an de sozialen Netzwierker aktiv, an hunn ënnert anerem Propaganda fir déi rassistesch Ausschreidungen a Groussbritannie verbreet.