Radioen

On air

Notturno  |  Gilad Hekselman - Verona

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Taina Bofferding ka Reproche vun der Lydie Polfer net novollzéien

Analys vun der Cellule scientifique

Taina Bofferding ka Reproche vun der Lydie Polfer net novollzéien

No der Publicatioun vum Avis vun der Cellule scientifique vun der Chamber zum Heescheverbuet reagéiert d’LSAP-Fraktiounscheffin a fréier Inneministerin Taina Bofferding. Si fillt sech doranner bestätegt, datt de Code pénal an deem Punkt muss vun der Justiz gekläert ginn.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Et leeft aktuell ee Recours an eng Référés-Prozedur géint den Inneminister a géint d’Stad Lëtzebuerg um Verwaltungsgeriicht, huet gëschter d’Lydie Polfer ënnerstrach. Dowéinst géif et ee Problem gi vu Gewaltentrennung, sot d’Stater Buergermeeschtesch. 

Dee Reproche vun der Lydie Polfer, datt d’Cellule scientifique vun der Chamber d’Gewaltentrennung net géif respektéieren, kéint d'Taina Bofferding net novollzéien.

"Zu deem Moment, wou ech eeben d'Cellule domadder beoptraagt hunn, du goufen et déi Recoursen nach guer net. Dofir kann ee mir net hei reprochéieren, hei wier lo e Problem um Niveau vun der Gewaltentrennung. Dat kann ech absolut guer net novollzéien."

D'Cellule scientifique vun der Chamber wier kreéiert ginn, eebe just fir d'Deputéiert an hirer Aarbecht kënnen ze ënnerstëtzen, esou d'Taina Bofferding. Esou kéint déi parlamentaresch Aarbecht gestäerkt ginn.

"An da fannen ech et äusser speziell, wann eng Deputéiert déi Aarbecht, déi hei geleescht gëtt, elo als en einfachen Avis duerstellt."

D'Taina Bofferding ass der Meenung, datt d'Lydie Polfer d'Conclusioune vun där Analys och just géif a Fro stellen, well se hir net géife gefalen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik