Radioen

On air

9 bis 1  |  Junior Varsity - New York

play_arrow Live
search

/ Den Hardliner Tom Homan gëtt an der Trump-Regierung responsabel fir d'Immigratioun

USA

Den Hardliner Tom Homan gëtt an der Trump-Regierung responsabel fir d'Immigratioun

Den Tom Homan, fréieren Direkter vun der US-Immigratiounsautoritéit a vun der Douane, soll an der neier Regierung zoustänneg fir d‘Immigratioun a fir d‘Grenzkontrolle ginn. Dat huet den designéierten US-President Donald Trump op senger Plattform Truth Social bekannt ginn.

auto_stories

1 min

Tom Homan | © picture alliance / NurPhoto | Zach D Roberts
Foto: picture alliance / NurPhoto | Zach D Roberts

Nieft der Iwwerwaachung vun de südlechen an den nërdleche Grenzen, vun der Loftsécherheet a vun de maritimme Gebidder, soll den Tom Homan och fir "d'Expulsioun vun allen illegale Migranten zréck an hiert Heemechtsland" verantwortlech sinn, sou den Donald Trump.

Fir esou eng Funktioun brauch et keng Confirmatioun duerch de Senat.