Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sursis fir d’Finanzplaz

Fräie Mikro

Sursis fir d’Finanzplaz

Mussen sech Entreprisen aus dem Finanzsecteur un d’Reegele vum Devoir de vigilance halen? En Accord op europäeschem Niveau huet si elo dovu verschount. Freet sech fir wéi laang nach. E Fräie Mikro vum Frank Wies, Affekot a Mënscherechtsaktivist.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Ënnert « Devoir de vigilance » versteet een d’Verflichtung vun Entreprisen dofir ze suergen, datt net nëmme bei hinnen intern, mee och bei hiren Geschäftspartner Mënscherechter an Ëmweltschutz respektéiert ginn.

Et huet eng Tragedie mam Dout vun iwwert dausend Mënschen an enger Textilfabrick am Bangladesch gebraucht, fir genuch Drock op Politik a Wirtschaft ze entwéckelen, net méi d’Aen zou ze maache virun der Ausbeutung vu Mënschen an Natur, déi oft mat der wirtschaftlecher Aktivitéit zesumme geet.

An Europa hu Länner wéi Frankräich an Däitschland éischt national Gesetzer erlooss mat deenen hir grouss Entreprisë verflicht goufen, an hirer ganzer Liwwerketten no méigleche Verstéiss vu Mindeststandarden ze sichen an déi ze behiewen. An der EU huet déi europäesch Kommissioun en Text preparéiert mam Zil eng Direktiv ze kréien déi an all Memberstaat misst ëmgesat ginn.

Finanzplaz soll net vu Reegele betraff sinn

E Projet dee vun der Lëtzebuerger Politik a Wirtschaft als Argument benotzt gouf fir keen nationaalt Gesetz ze maachen, mee op den europäeschen Text ze waarden. Woubäi mat aller Muecht sollt séchergestallt ginn, datt déi national Mëllechkou Finanzplaz net vun deenen neie Reegele betraff gëtt.

Wärend déi initial Propositioun vun der Kommissioun och Bedeelegungsgesellschaften, wéi Holdingen ab engem gewëssene Volume betraff huet, sou war d’Lobby vum Finanzsecteur frou, wéi am Juni vun dësem Joer d’EU Parlament eng éischt Versioun vun der Direktiv ugeholl huet.

Do war nämlech keng Rieds méi vu Verflichtunge fir déi grouss Acteuren aus der Finanz. Dat läscht Wuert war awer nach net geschwat, well een sech elo mat der Kommissioun an dem Conseil huet missten iwwer eng final Versioun eens ginn, am sougenannten Trilog.

Eng Victoire op Zäit

An do goung et net nëmmen em de Finanzsecteur, mee och allgemeng wéi wäit d’Verflichtunge fir déi betraffe Betriber ginn an ob, zum Beispill, Affer d’Méiglechkeet sollte kréien direkt bei Gericht ze kloen. Am Kader vun dëse Verhandlunge stoung ee Moment en Accord am Raum wou de Finanzsecteur mat an d’Directiv opgeholl gi wier a Kompensatioun fir Kompromësser op der anerer Säit.

Et sollt awer net esou kommen. Leschte Freide gouf en Accord ugekënnegt an do dierft een a munche Büroen op der Finanzplaz de Steen héieren hunn, dee vum Häerz gefall ass. Keng Verflichtunge fir Banken, Assurancen a Gestionnaires de fortune.

Et ass awer just eng Victoire op Zäit, well an dräi Joer sollt op en neits iwwerpréift ginn, ob een net och déi Acteuren aus der Wirtschaft muss mat an d’Verflichtung huelen.

Schied déi entstinn net ignoréieren

Wann een et mat Klimaschutz a Mënscherechter eescht mengt, da kann ee Bedeelegungsgesellschaften eigentlech net eraus loossen. Sinn si et dach déi mat hirem Kapital wirtschaftlech Aktivitéite weltwäit finanzéieren an dofir eventuell Schied déi doduerch entstinn net einfach ignoréiere kënnen.

Awer och wann ee just d’Kompetitivitéit vum Secteur am Bléck huet, wier et schlechte Management, wann een sech net elo schonns géif d’Moyene gi fir eng Verantwortung ze iwwerhuelen oder op d'mannst seng Investitiounen op hir Nohaltegkeet hin ze iwwerpréiwen. Well een net drop ziele soll, datt een och an dräi Joer nees vun der Schëpp gespronge kënnt.

Lauschterenplay_arrow