Deen hat d‘Supreme Court gefrot, fir ze klären, op den Trump op nationalen Niveau strofrechtlech kéint poursuivéiert ginn, wéinst sengen Tentativen, d‘Resultat vun der Presidentewal 2020 ze kippen, oder op hien duerch seng Immunitéit geschützt ass. D‘Decisioun vum Gericht ass ee Schlag fir den Jack Smith.
U sech sollt dem Trump vun Ufank Mäerz un zu Washington ee Prozess wéinst Walbedruch gemaach ginn. Et wäert elo schwéier ginn, dee Rendezvous anzehalen.