Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Summer 2024 iwwertrëft Rekorder vun zejoert

Copernicus deelt mat

Summer 2024 iwwertrëft Rekorder vun zejoert

De Summer vun dësem Joer war weltwäit dee wäermsten dee jee gemooss gouf. Wéi den europäesche Copernicus Observatoire matdeelt, wieren déi lescht dräi Méint nach méi waarm gewiescht, wéi de Rekordsummer 2023.

auto_stories

1 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde

Dobäi goufen direkt e puer Rekorder gebrach: Et war dee wäermste Juni an August, dee wäermsten Dag deen iwwerhaapt gouf gemooss an dee wäermste Summer an der nërdlecher Hallefkugel. Domadder dierft och dat ganzt Joer 2024 nees op Rekordkurs sinn.