Radioen

On air

Ligne 2  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Südspidol: Éischt Patiente bis 2032

Santé

Südspidol: Éischt Patiente bis 2032

Dat neit Südspidol zu Esch ass elo endlech op de Schinnen. Nodeems den Architekt vum éischte Projet gewiesselt gouf ass elo e Kontrakt mat engem neie Konsortium ënnerschriwwe ginn. Spéitstens 2032 sollen déi éischt Patienten do behandelt ginn. D‘Feeler vum éischte Projet sollen déi Kéier verhënnert ginn.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Leschte Freideg huet de Verwaltungsrot vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch de Kontrakt mam däitsch-belsche Konsortium SWECO fir de Bau vum neie Südspidol ënnerschriwwen. Dat 600 Better-Spidol mat dräi MRT-Scanner a 16 OPe soll dann an Zukunft de ganze Süde vum Land medezinesch versuergen.

Zesumme mam hollänneschen Architektebüro Gortemaker an dem Lëtzebuerger Büro Schemel Wirtz soll de Projet, dee Joren u Retard krut, elo endlech op d’Schinnen.

Den éischten Ulaf

Zanter 2014 gëtt um Projet, deen zu Esch beim Rond-Point Rämerech soll entstoen, geplangt. Mee mat engem éischte Partner ëm den éisträichesche Stararchitekt Albert Wimmer huet 2021 misse gebrach ginn, wéi den Direkter vum CHEM, de René Metz, erkläert.

"Et war e ganz kreative Mann. Hien huet och ee schéint Spidol gemoolt, mee fir elo Mol eng Zill iwwer déi aner ze setzen a mir präzis ze soen: 'Dann an dann zéie mir an', war dee gudde Mann net capabel an dunn hu mir resiliéiert."

D’Trennung deemools ass juristesch gekläert ginn an et hätt een dat bezuelt, wat geleescht gi wier, sou de René Metz.

"De Georges Mischo gouf ëmmer zitéiert: 'Mir si bei d‘Lisette gelooss ginn'. Et huet natierlech keen deem anere Geschenker gemaach."

Aus de Feeler léieren

Mee aus de Feeler huet ee geléiert. De René Metz huet de Projet 2021 geierft an direkt festgestallt, datt d’Datumer vun enger Fäerdegstellung bis 2026 net realistesch wieren. Fir et dës Kéier richteg ze maache gouf dann och op eng speziell Selektiounsprozedur, de sougenannten dialogue compétitif, zréckgegraff.

"Dat ass eng kloer definéiert Prozedur, wou een dann eng Zuel vu Kandidaten huet an et begleet een déi Kandidate parallel, andeems datt een hinnen all d‘Dokumenter gëtt, alles wat een huet par Rapport zu deem Projet, a wou een dann de Kandidaten d‘Fro stellt, mee wéi géif Dir elo deen heite Problem léisen? Wéi géift Dir dat doten ugoen? Wéi laang braucht Dir, fir dat ze bauen? Wat mengt Dir wat dat kascht?"

Déi eenzel Kandidate goufen duerno no engem Punktesystem ausgewielt.

"Och duerch eis Erfarung, an deelweis net nëmme positiv Erfarung, déi mir virdru gemaach hunn, do hu mir natierlech de Punktesystem esou opgebaut, datt mir net méi an déi nämmlecht Falen an an déi nämmlecht Risike géife kommen, wéi virdrun."

E puer Méint wäert et nach dauere bis den neie Konsortium säin ugepassten neie Projet ka presentéieren. Eréischt da wëll een eng nei Timeline avancéieren.

"Ech hat gesot, sechs, siwe Joer fir ze bauen, a mir brauchen nach ee Joer Ausschreiwung. 24 plus 8, mee et ass awer och vläicht 24 plus 7."

Een deiert Spidol

2032 spéitstens sollen déi éischt Patienten am Südspidol behandelt ginn. Deen Datum nennt och de President vum CHEM Verwaltungsrot, den Escher Buergermeeschter Christian Weis. Mee et wäert och méi Geld wéi déi aktuell 542 Milliounen Euro gebraucht ginn.

"An dowéinst mengen ech och, datt iwwert de Präis vum Bau vum Südspidol, datt een do nach eng Kéier muss iwwerkucken, ob dee Montant, dee fixéiert ginn ass, realistesch ass."

Sollt d’Timeline vun 2031 effektiv agehale ginn, hätt de Bau mat der ganzer Virplanung eng 17 Joer gedauert.

Lauschterenplay_arrow