De Lee Jae Myung war hënt wärend engem ëffentlechen Optrëtt am Südoste vum Land vun engem Mann mat engem Messer attackéiert ginn. De fréiere Presidentschaftskandidat gouf dobäi um Hals blesséiert.
De presuméierten Täter, e Mann tëscht 60 a 70 Joer, gouf nom Verbrieche festgeholl. D‘Hannergrënn vun der Dot sinn nach onkloer.
Den Tëschefall ass geschitt, wéi de Lee Froe vun de Journaliste beäntwert huet, dat no der Visitt vun engem neie Flughafen.