Vun der Stroumpann betraff ware Weimeschkierch, Pafendall, Gaasperech, de Grond, de Kierchbierg, Neiduerf an Cents. Wéi de Carlo Bartocci vun der Creos am 100,7-Interview erkläert, wier ee Schalter an engem Posten, op der Héicht vum radio 100,7, futtigaangen. Dëst huet fir ee Kuerzschloss gesuergt, esou datt et och zu enger Dampentwécklung koum. De CGDIS war dofir och op der Plaz.
Firwat dee Schalter futtigefuer ass, wéisst een nach net, esou de Carlo Bartocci.
Creos kënnt net fir aner Schied op
Bannent ronn 30 Minutten hätt een déi betraffe Clienten awer nees kënnen op aner Schalter ëmverdeelen. Just bei 3 gréissere Clienten huet et e bësse méi laang gedauert, well eng provisoresch Léisung huet misse fonnt ginn.
Am 100,7-Interview huet de Carlo Bartocci sech am Numm vun der Creos fir dee "Mëssel" entschëllegt, erkläert awer och, datt d'Creos fir eventuell Schied net verlaangt ka ginn.
D'Stroossebeliichtung op der Avenue J. F. Kennedy um Kierchbierg funktionéiert fir den Ament nach net. Do kéint de System duerch d'Stroumpann beschiedegt gi sinn, esou de Responsabele vun der Creos. Fir dat nees ze behiewe wier d'Stad Lëtzebuerg zoustänneg.
Fir "no breaks" muss ee selwer suergen
Esou Panne kéinten ëmmer nees virkommen, betount de Carlo Bartocci. Clientë mat kritescher Infrastruktur kréichen dofir och ëmmer geroden, fir een "no break" ze garantéieren. Dat heescht ee Grupp oder Batterië prett ze hunn, fir keng Ënnerbriechung an der Stroumversuergung ze hunn.
An Zukunft soll d'Stroumversuergung um Kierchbierg och aneschters verdeelt ginn, huet de Carlo Bartocci verroden, fir datt een nach méi stabil a sécher fir Zukunft opgestallt wier.