Radioen

On air

Thé Dansant  |  Portishead - Glory Box

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Stroftax fir Elektroautoen aus China gëtt agefouert

EU-Kommissioun

Stroftax fir Elektroautoen aus China gëtt agefouert

Zukünfteg kéinte fir Elektroautoen aus China bis zu 38 Prozent u Strofdouanes-Taxen ufalen. D‘EU-Kommissioun huet de Moien déi virleefeg Mesure ageféiert. Si reagéiert domat op e rezenten Audit.

auto_stories

1 min

Elektroauto Oplueder Charger | © Andrew Roberts / Unsplash
Foto: Andrew Roberts / Unsplash

An deem war fest gestallt ginn, datt déi komplett Produktiounskette fir Elektroautoen a China staark subventionéiert gëtt. Dat géif deloyal Konkurrenz géintiwwer der europäescher Industrie schafen. Déi chineesesch E-Autoe sinn deemno an der Reegel ronn 20 Prozent méi gënschteg wéi Modeller aus der EU.

D‘Stroftax soll bannen den nächste 4 Méint definitiv applizéiert ginn, wa Peking net weider op d‘EU duerkënnt. D‘Moossnam kann allerdéngs nach vun den EU-Staate gestoppt ginn.

Besonnesch Däitschland ass kritesch, well och déi eegen Autosindustrie doduerch kéint geschiedegt ginn. Si produzéieren nämlech selwer zum Deel a China fir den Export.