Et ass all Kéiers dat selwecht: wann ee Streik zu Lëtzebuerg ausbrécht, brécht och eng besonnesch Form vun historescher Amnesie aus, déi dovun ausgeet, datt zu Lëtzebuerg ni gestreikt gouf a gëtt.
Mémoire sélective
1955 hat de Lëtzebuerger Patron vun de Patronen, Felix Chomé, President vun der Arbed, et am Kader vun engem Biergaarbechterstreik esou ausgedréckt : “Den Här Chomé huet bemierkt, d’Gewunnecht vum Streik géif glécklecherweis zu Lëtzebuerg net existéieren, an de leschte Streik léich schonns iwwer 30 Joer zeréck. Och wier den ale bewäerte Wee vum Verhandele fir béid Parteie bei wäitem dee beschten.” Mémoire sélective, heescht dat op Franséisch. Eleng vun 1945 bis 1955 koum et zu méi wéi enger Dose Streiker, virun alem op der Schmelz an an de Minnen. Wa mir nach méi wäit zeréck ginn an déi Zäit nom Éischte Weltkrich, do hunn ech méi wéi 30 Streiker gezielt, eleng tëscht Mäerz 1919 a Mäerz 1921.
Déi éischt Kollektivverträg an der Stolindustrie goufen 1936 duerch Manifestatioune vun de Gewerkschaften an ee Streik vun de Minnenaarbechter erkämpft. Kollektivverträg a Streiker sinn déi zwou Säite vun der selwechter Medail. Zanterhier zitt eng Praxis sech wéi e roude Fuedem duerch d’sozial Geschicht vu Lëtzebuerg: eng Strategie, déi eng Verhandlungshaltung, wéi se sech zum Beispill an de Kollektivverträg äussert, verbënnt mat Demonstratioune vu Stäerkt, sief dat a Form vu Manifestatiounen, Streikdrohungen oder ebe Streik. "To strike work", Aarbecht sträichen, als lescht Mëttel fir eng fair Unerkennung vun der geleeschter Aarbecht ze erreechen. Zanter dem Kollektivvertragsgesetz vun 1965 verfüügt Lëtzebuerg an deem Kontext iwwer eng präzis Schlichtungsprozedur, déi erkläert, datt Streiker zwar net verschwonnen, mee vill méi rar gi sinn, an Negociatiounen haut de Virrang hunn.
Ignorant Amerikaner?
Mee mat engem Streik si mir momentan nees konfrontéiert. Beim Plastikfabrikant Ampacet gëtt zanter méi wéi zwou Woche gestreikt. Ongewéinlech ass hei, datt de Patron de Kollektivvertrag gekënnegt huet an d’Schlichtungsprozedur ugefrot huet. Net nëmmen ongewéinlech, mee komplett nei ass et, datt deselwechte Patron sech de Gewerkschaften no an där Schlichtung kee Meter op d’Salariéen zoubeweegt huet an dann och nach unilateral d’Non-Conciliatioun ufreet. Datt also de Patron d’Friddensflicht ophieft.
Net nëmmen d’Gewerkschaften, mee och d’Patronat hu villes geléiert aus der Geschicht. Bei der amerikanescher Direktioun vun Ampacet besteet do offensichtlech nach vill Nohuelbedarf. Déi Hären hu wuel gemengt, zu Lëtzebuerg géif ni gestreikt ginn, a si géife mat hirer Strategie duerchkommen a wieren domat anengems hire Kollektivvertrag lass. Ignoranz gëtt bestrooft. Si hu sech fatzeg geiert an domat de Gewerkschafte guer keen anere Choix gelooss ewéi ze streiken.
Kucke mir elo mol, wéi gutt den neien Aarbechtsminister d’Geschicht vum Lëtzebuerger Sozialstaat kennt a wéi hien d’Direktioun vun Ampacet op de richtege Pad féiert. Soss geet säi Ministermandat mam längste Streik zanter 1995 un. Deemools haten d’Plätterchersleeër 28 Deeg gestreikt. Här Mischo, Dir sidd elo gefuerdert.