Radioen

On air

Moiesstudio  |  Frais d'inscription op der Uni.lu

play_arrow Live
search

/ Streik bei der Deutschen Bahn: Keng Eenegung a Siicht

Däitschland

Streik bei der Deutschen Bahn: Keng Eenegung a Siicht

Och um Enn vum fënnefte Streik ass an de Verhandlungen tëschent der däitscher Maschiniste-Gewerkschaft GDL an der Deutschen Bahn keng Eenegung an Aussiicht.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa/Revierfoto | Revierfoto
(Foto: picture alliance/dpa/Revierfoto | Revierfoto)

Déi däitsch Bunn huet d‘Gewerkschaft vun de Maschiniste fir e Méindeg op nei Verhandlungen invitéiert. D‘Maschiniste wëllen dës Propos awer nëmmen dann unhuelen, wann d‘Deutsche Bahn eng nei Tarifpropos virleet. Vermëttler haten eng Verkierzung vun der Wochenaarbechtszäit vun 38 op 36 Stonne proposéiert. Der GDL geet dat awer net duer.