Zënter 2005 gëtt et an der Europäescher Unioun dee System fir den Handel mat Emissiounen (ETS).
De Quote-System limitéiert klimaschiedlech CO2-Emissiounen a verschiddene Secteuren, andeems d’Entreprisë Certificate fir Emissioune kafe mussen, déi si dann entweder opbrauchen oder awer - wa si der iwwereg hunn - nees um Marché verkafe kënnen.
Serge Wilmes: ETS ass Pilier vun EU-Klimapolitik
Den Ëmweltminister Serge Wilmes erkläert et zu Bréissel am 100,7-Interview esou:
"Den ETS, den Emissiounshandelssystem, dee mir zënter 2005 an der Europäescher Unioun agefouert hunn, ass ee vun de Piliere fir d'Klimapolitik, awer och fir déi ganz Energietransitioun, fir datt mir eis Betriber ewech kréie vun der Ofhängegkeet vu fossil Energien hin zu erneierbaren Energien."
Direkt zwee Bréiwer hat d’Lëtzebuerger Regierung zu deem Theema mat verschiddenen Länner ënnerschriwwen.
An engem éischte Schreiwes hate sech nieft dem Grand-Duché och Däitschland, Frankräich an Italie fir eng Revisioun vum System fir den Emissiounshandel ausgeschwat, déi d’Europäesch Industrie net schwächen, mee stäerke muss.
Italien ass dofir, den ETS ofzeschafen
Kuerz dono huet Italien dofir plädéiert, dee ganze System ofzeschafen, well en der Industrie schuet an d’Präisser fir d’Energie an d’Luucht dreift.
Doropshin hunn e puer Länner - dorënner och nees Lëtzebuerg - an engem Schreiwes een Appell gemaach, den Emissiounshandel op kee Fall a Fro ze stellen
D’Lëtzebuerger Positioun ass kloer, seet de Wirtschaftsminister Lex Delles.
Lex Delles: Lëtzebuerg gesäit Notzen, awer och Defie fir d’Industrie
Och hie stellt sech hanner den Emissiounshandels-System.
"Et ass ganz kloer, datt mir den ETS net wëllen ofschafen. Mir gesinn den Notzen als Regierung hanner dem ETS, mir gesinn awer zu nämmlechter Zäit, datt eis Industrien an Europa viru ganz groussen Defie stinn."
De System a Fro ze stelle wier ee Feeler, seet och de Serge Wilmes.
"Dat géif eng komplett Veronsécherung maachen an et géif Europa an engem Wettbewerb, dee ganz staark ass, wou et groussen internationalen Drock gëtt, immens no hanne geheien. Dobäi hu mir scho Retard, notamment op China."
Den Ëmwelt- an den Energieminister si sech also eens.
Sträitpunkt: Gratis-Allocatioune fir verschidde Secteuren
Den "ETS" soll reforméiert ginn an d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen wëllt bei där Reform elo op de Gas drécken, an der Industrie entgéint kommen, andeems méi realistesch Trajectoirë fir d’Emissioune fir no 2030 ausgeschafft ginn.
Dat geet verschidde Länner net wäit genuch. Anerer fäerten, um Enn kéint den Emissiounshandel säin Zil vun enger méi klimafrëndlecher Industrie verfeelen.
Ee Sträitpunkt sinn dobäi gratis Quota fir bestëmmte Secteuren, bei deenen d’Gefor besteet, datt si sech aus Europa zeréckzéien. Déi Gratis-Allocatioune sollten eigentlech bis 2034 komplett verschwannen.
Dat muss verlängert ginn, soe verschidde Länner wéi Éisträich, wat méi Flexibilitéit freet.
Och Lëtzebuerg ka sech wéi zum Beispill Däitschland liicht Upassunge virstellen, an deem d’Trajectoire méi flaach gemaach gëtt, d’Gratis-Zertifikaen also manner séier auslafe géifen.
ETS2: Och hei gëtt et Oppositioun
Weidere Sträitpunkt: De System soll erweidert ginn op d’Gebaier an den Transport. Och géint deen “ETS2” gëtt et Oppositioun.
Dat wäert alles méi deier maachen, d’Aféierung dovu muss dowéinst verluecht ginn, esou d’Argument.
"Mir mussen dat verleeën. Op d'mannst bis 2030", seet déi ungaresch Staatssekretärin fir d’Ëmwelt, d’Aniko Raisz.
Lëtzebuerg huet schonn decidéiert, beim ETS2 mat ze maachen. Entspriechend Subside fir d’Präishausse beim Hëtzen an op der Pompel auszegläichen, si virgesinn, erkläert iwwerdeems den Ëmweltminister Serge Wilmes.
"Et ass e Mechanismus virgesinn, wou dann déi Recettë benotzt ginn, fir deenen ze hëllefen, déi et am meeschte brauchen, fir datt si déi Präisser kënnen offiederen an datt si et sech kënne leeschten, ëmzeklammen op zum Beispill nach eng elektresch Autoen oder eng Wärmepompel."
De Sujet gëtt ëmmer méi brisant, wat d’Präisser fir d’Energie méi an d’Luucht ginn.
Et wier dat Theema, wouriwwer um EU-Sommet haut wuel am meeschte wäert diskutéiert ginn, esou gëscht een héijen EU-Diplomat.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.