An der Gemeng Bettenduerf sinn d’Fronten tëschent enger Partie Awunner:innen an de Gemengeresponsabele wéinst enger ëmstriddener Baugeneemegung verhäert. Per Bréif vun hirem Affekot schléit d’Biergerinitiativ elo eng Invitatioun vum Buergermeeschter op eng gemeinsam Aarbechtssëtzung zum Thema aus. Hannergrond vun der Affär ass eng ëmstridde Baugeneemegung fir d’Konstruktioun vun enger Lagerhal op engem Terrain, deen an enger sougenannter Zone d’habitation 1 läit.
Net hanner zouen Diere schwätzen
D’Awunner:innen aus der Strooss Op der Bell zu Gilsdref wéilten net un enger fir den 3. Juni geplangter Aarbechtssëtzung mam Buergermeeschter deelhuelen, erkläert den Yves Weis, Spriecher vun der Biergerinitiativ am Gespréich mam 100,7. Dës Sëtzung kéim nämlech engersäits ze spéit, an anerersäits wier et de falsche Wee, fir elo hanner zouenen Dieren ze diskutéieren.
“Vill méi soll an enger ëffentlecher Sëtzung och all eenzel Gemengerotsmember Faarf bekennen. Et ass esou, datt de Gemengerot de PAG an de PAP Quartier existant gestëmmt huet. A mir fannen och, datt et elo un all Member ass, Stellung ze huelen, wéi en zur Interpretatioun vum Buergermeeschter steet.”
Hannergrond vum Sträit ass eng Baugeneemegung, déi d’Gemeng fir d’Konstruktioun vun engem Firmegebai an enger Wunnstrooss ausgestallt huet. D’Lëtzebuerger Wort hat als éischt iwwert dës ëmstridden Autorisatioun bericht, géint déi d’Biergerinitiativ e sougenannte Recours en annulation beim Verwaltungsgeriicht agereecht hat, well se an enger Zone d’habitation läit.
Buergermeeschter wëllt sech net äusseren
Zwee Deeg méi spéit hat de Buergermeeschter Patrick Mergen schrëftlech géintiwwer der Zeitung reagéiert an erkläert, sech zu dësem Zäitpunkt net weider zu de Virwërf äusseren ze kënnen, well den Dossier aktuell beim Geriicht läit.
Dës Argumentatioun géif et fir d’Biergerinitiativ nach méi onverständlech maachen, datt een elo an eng Aarbechtssëtzung invitéiert gi wier, esou den Yves Weis.
De Buergermeeschter Patrick Mergen ass en Donneschdeg de Moie vun der Informatioun, datt d’Bierger:innen d’Invitatioun net unhuele wëllen, iwwerrascht ginn. Hien sot op Nofro vum Radio 100,7 hin, sech aktuell weder zu de Virwërf selwer, nach zum Fait, datt d’Bierger:innen d’Invitatioun op d’Aarbechtssëtzung ausgeschloen hunn, äusseren ze wëllen.
Déi nächst Gemengerotssëtzung zu Bettenduerf ass fir de 24. Juni ugesat – op de Sujet op den Ordre du jour stoe kënnt, wollt de Buergermeeschter zu dësem Zäitpunkt net kommentéieren.