Radioen

On air

Notturno  |  English Teacher - Nearly Daffodils

play_arrow Live
search

/ Sträit an der FDP: Generalsekretär demissionéiert

Däitschland

Sträit an der FDP: Generalsekretär demissionéiert

Den FDP Generalsekretär Bijan Djir-Sarai huet viru Minutten elo demissionéiert. Dat als Konsequenz aus der D-Day Affär, also der Publikatioun vum Dokument dat d‘Auserneefale vun der Ampelkoalitioun geplangt hat. 

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Carsten Hoffmann
Foto: picture alliance/dpa | Carsten Hoffmann

An engem kuerze Statement huet de Politiker erkläert dat hien ouni et ze wësse falsch iwwer dat Dokument kommunikéiert hätt, een Dokument dat hien net kannt hätt.

An der FDP war d‘Kritik un der Parteispëtzt gewuess nodeems d‘Dokument publizéiert gouf dat de Broch vun der Ampel-Koalitioun als Zil hat. D‘Presidentin vun de Jongliberale Franziska Brandmann huet d‘Demissioun vum Generalsekretär Bijan Djir-Sarai gefuerdert, domadder sollt d‘Parte viru weiderem Schued geschützt ginn. Deemno wier d‘Dokument enger liberaler Partei net wierdeg. Eleng dat et an där Form realiséiert gi wier géif déif blécke loossen.