Am éischte Walgang den 18. Mee louch de liberale Buergermeeschter vu Warschau, de Rafal Trzaskowski, nach knapp virum Karol Nawrocki, dee vun der nationalkonservativer PiS ënnerstëtzt gëtt.
Experten no bestëmmen dës Walen a wéi eng Richtung et fir den NATO- an EU-Memberstaat Pole geet. Eng Victoire fir de Rafal Trzaskowski géif déi liberal-konservativ Linn vum Regierungschef Donald Tusk stäerken. An de Karol Nawrocki kéint déi bis elo staark Ënnerstëtzung vu Pole fir d‘Ukrain a Fro stellen.
D‘Walbüroe sinn nach bis den Owend 21 Auer op, duerno kommen dann déi éischt Prognosen. Mam finale Resultat ass réischt muer am Nomëtteg ze rechnen.