12 Männer an eng Fra kandidéieren. An de Sondagë läit de pro-europäesche Buergermeeschter vu Warschau, de Rafal Trzaskowski vir, mat 30 Prozent vun de Stëmmen. Hien trëtt mat der liberalkonservativer Biergerkoalitioun vum Donald Tusk un.
Am zweeten Tour den 1. Juni, also an zwou Wochen, kéint hie géint den nationalisteschen a parteilosen Historiker Karol Nawrocki untrieden, deen an den Ëmfroe mat 25 Prozent op zweeter Plaz läit. Hie gëtt vun der PiS ënnerstëtzt, déi vun 2015 bis 2023 a Polen un der Muecht war, déi d‘Justiz ausgebremst an dofir mat der EU am Dauersträit loung.