An den nächsten Deeg kréien d’Bierger:inne Brochuren ausgedeelt, op deenen déi verschidde Recommandatiounen a Finanzhëllefen opgelëscht sinn, déi ee bei der Ekologescher-Transitioun kann ufroen. Am Aktiounsplang sinn eng Rei u Moossname festgehale ginn.
Diversen Ëmweltaktiounsplang
Energie, Waasser, Offall, Natur a Biodiversitéit, mee och Mobilitéit, ekologescht Bauen, oder nach den nohaltege Konsum, sinn d’Haaptchantieren, déi an den nächste Méint op der Dagesuerdnung vun der Stad Lëtzebuerg stinn. Mee ouni d’Stéit kéint een d’CO2-Reduktiounsobjektiver net erreechen, betount de Stater Schäffe Maurice Bauer.
D’Stad Lëtzebuerg huet zënter 3 Joer och finanziell Hëllefe virgesi fir Privatstéit. Fir erneierbar Energië ginn et zousätzlech zu de staatleche Subventioune 50 Prozent nach derbäi. Et ginn och eng Hellewull un Hëllefe fir de Konsum u Ressourcen erofzedrécken.
Enn 2024 huet d’Stad Lëtzebuerg am Ganze 700.000 Euro u Subventiounen ausginn.
Ganz Busflott bis Ufank nächst Joer "hoffentlech" elektresch
Ee weidere wichtege Chantier ass dee vun der Mobilitéit. An d’Elektrifizéierung spillt do eng grouss Roll. Esou wéilt een d'Busser bis "hoffentlech" Ufank d'nächst Joer komplett elektrifizéiert hunn. Dee Moment géifen d'CO2-Emissiounen nach eemol immens erof goen, esou de Maurice Bauer.
Eppes, wat d’Loftqualitéit an der Stad drastesch wäert verbesseren, argumentéiert de Stater Schäffen.
Parallel ass d’Stad och mat am gaange Projete fir d’Quartieren ze begréngen, fir d’Iwwerschwemmungsgefor ze bekämpfen.