search

/ Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer stäipt der Conservatoires-Direktioun de Réck

National

|
reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer stäipt der Conservatoires-Direktioun de Réck

D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet sech an der Gemengerotssitzung eng éischte Kéier zum Artikel vum Onlineportal reporter.lu iwwert d’Situatioun am Stater Conservatoire geäussert. Do sollen et Spannungen tëschent der Direktioun an den Enseignantë gi sinn.

reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow
© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

D’Lydie Polfer sot, si hätt mat de Vertrieder vun den Enseignantë geschwat gehat, an do wier festgeluecht ginn, datt d’Stad een neie Règlement organique fir de Conservatoire géif opstellen, wou all d’Froe genee géife beäntwert ginn.

Dat Règlement géif deemnächst dem Gemengerot virgestallt ginn.

Keng Feeler geschitt, seet d'Lydie Polfer

Weider huet d’Buergermeeschtesch der Direktioun vum Conservatoire de Réck gestäipt. De Conservatoire hätt ee "wonnerbare" Renommée an och déi gréng hätten am Gemengerot ënnerstrach, datt d'Direktioun vill Guddes gemaach hätt, betount d'Lydie Polfer, déi iwwerdeems seet, datt keng Feeler geschitt wieren.

"Hei si keng Irregularitéite geschitt. Dat kann ech ganz kloer soen."

Iwwerdeems géif et all Joer Luef fir d'Direktioun ginn, an dat och net ouni Grond, esou nach déi liberal Buergermeeschtesch.

play_arrow Lauschteren