Wéi de Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt bei der Presentatioun vum neie Konzept fir d’Mobilité douce erkläert huet, hätt een sech d’Stad eng Kéier nëmmen aus dem Bléckwénkel vu Vëlosfuerer a Foussgänger ugekuckt a mam Büro Gehl international Experte beoptraagt, fir Stäerkten a Schwächen ze ermëttelen.
Dem Patrick Goldschmidt no hätt ee constatéiert, datt d’Netz fir Foussgänger scho relativ gutt wier – bei de Vëlosweeër wier zwar scho vill geschitt, mee et géif awer nach Handlungsbedarf ginn. Sou hätt sech zum Beispill gewisen, datt d’Rue cyclables, wéi et se an der Rue des Trévires an um Val Saint-Croix ginn, net optimal funktionéieren – hei wéilt een d’Situatioun verbesseren.
Vu Januar u wëllt ee schonn nei Projeten ugoen
Zil wier et, souwuel fir d’Foussgänger wéi och fir d’Cyclisten e Reseau ouni Lücken ze schafen, sou de Patrick Goldschmidt. Als éischte Projet gëtt de Boulevard Roosevelt ugepasst, am Januar fänken d’Aarbechten un.
Déi aner zur Prioritéit erkläerte Strecke sinn an der Uewerstad d’Avenue Pescatore, zu Märel respektiv um Belair de Boulevard Marcel Cahen an d’Place de France, d’Rue des Aubépines, d’Rue de Merl, de Boulevard de Verdun an de Boulevard Grand-Duchesse Charlotte, um Cents d’Rue de Trèves an d’Rue de Cents an a Clausen d’Allée Pierre de Mansfeld.
Geet et op d'Käschte vun den Autosfuerer?
Et misst een awer éierlech sinn, esou de Mobilitéitsschäffen – méi Vëlosweeër ginn op Käschte vun de Parkplazen.
"Méi sécher Vëlosweeër heescht, an dëser Stad, wou mer oft nëmmen eng Bunn an all Richtung hu fir de motoriséierte Verkéier, dat heescht ganz kloer, dass et op de rouende Verkéier geet an dass mer op deene Plazen, wou et méiglech ass, d'Parkplazen ewech mussen huelen. Ech mengen esou éierlech muss ee sinn. An dat muss een da mat de Leit kucken. An ech mengen, dat wat mer elo ausgewielt hunn, dass dat mat eisen Zielunge ganz gutt méiglech ass. Aner Etappen, déi souwisou kommen, dat ass generell e Parkraummanagement. Mee dat kann een net alles matenee maachen."
Zil vun de Verantwortlechen aus der Stad ass et iwwregens, datt am Joer 2035 méi wéi d’Hallschent vun de Weeër zu Fouss, mam Vëlo oder mam ëffentlechen Transport zeréckgeluecht ginn. Haut wier een hei bei ronn 40 Prozent.