Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Memories Are Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Stad Lëtzebuerg: Manifestatioun fir eng direkt Wafferou an der Gazasträif

europäescher Mobiliséierung

Stad Lëtzebuerg: Manifestatioun fir eng direkt Wafferou an der Gazasträif

E puer Honnert Mënschen hu sech de Mëtteg an der Stad versammelt fir eng direkt Wafferou an der Gazasträif ze fuerderen. Dës Manifestatioun war am Kader vun enger europäescher Mobiliséierung a si gouf vum “Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient” organiséiert. D’Demonstranten hu sech um Glacis zesumme fonnt. Duerno goung de Cortège bis op d’Clairefontaines-Plaz.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Zanter dem 14. Oktober organiséiert de “Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient”all Woch eng Demonstratioun hei an der Stad.

Zu hirer Motivatioun, bei dëser Manifestatioun dobäi ze sinn, hunn d’Leit gesot:

"Ech wëll net nach méi onschëlleg Leit dout gesinn. Si mussen ophale mat Leit ze bommen a jiddereen ëmzebréngen."

Et kéint een net einfach weider nokucke wat an der Gazasträif geschitt, huet een aneren Demonstrant eis op der Clairefontainesplaz gesot:

"Ech hu bis viru Kuerzem zu Tel Aviv gelieft an hunn decidéiert elo wech ze zéien, do meng Aarbecht opzeginn, zeréck op Lëtzebuerg ze plënneren, well ech net domat averstane sinn, wat am Moment geschitt."

Zanter Enn Oktober ass d’Buedemoffensiv an der Gazasträif am gaangen. Israel huet ugegraff, no der Terror-Attack vum 7. Oktober vun der islamistescher Hamas an aneren extremistesche Gruppen.

"Natierlech, déi Attack vum 7. Oktober war ganz schlëmm. Mee déi Äntwert, déi mir de Moment gesinn, ass net konstruktiv, kann néierens hi féiere wou iergendwéi Fridden och nëmmen um Horizont ze erkennen ass. Jo, dat muss einfach ophéieren."

Der Police no ware beim Cortège hei an der Stad eng 600 Leit mat dobäi. Et hätte keng Tëschefäll ginn. Aussergewéinlech wier gewiescht, datt e puer Demonstrante sech am fréie Mëtteg virun der US-Ambassade um Lampertsbierg versammelt haten, war op eis Nofro hi gewuer ze ginn.

Lauschterenplay_arrow