Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Star Feminine Band - La Musique

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Stabil Finanzsituatioun bei der Fleegeversécherung

Gesondheetskeess deelt mat

Stabil Finanzsituatioun bei der Fleegeversécherung

Déi finanziell Situatioun vun der Fleegeversécherung ass stabil. Dat schreift d‘Gesondheetskeess an engem Communiqué. Beim Budget vum nächste Joer géif ee bei der Assurance Dépendence vun engem positive Solde vu 34,3 Millioune rechnen. Déi global Reserve leie bei geschate 587 Milliounen Euro.

auto_stories

1 min

Foto: UE/ E. Ansotte

Fir d‘nächst Joer gëtt dermat gerechent, datt ronn 986.000 Leit vun der Fleegeversécherung couvréiert sinn, dovun zwee Drëttel Residenten, an een Drëttel Net-Residenten.

Am Ganze géifen eng 16.000 fleegebedierfteg Persoune vun der Fleegeversécherung profitéieren. Dovu sinn der ronn 10.500 doheem bei sech en charge geholl a 5.500 an Alters- oder Fleegeheemer. Déi Zuele sinn ëm 4,7, respektiv 1,5 Prozent an d‘Luucht gaangen.