Beim Zentralstaat soll et 2027 een Defizit vun 1,9 Milliarden Euro ginn. Den Defizit vum Gesamtstaat läit bei 570 Millioune Euro.
D’Ausgabe solle liicht manner staark klamme wéi d’Einnamen. Bei den Depensen ass et Plus vu 6,5 Prozent op 35,8 Milliarden Euro. D’Recettë sollen d’nächst Joer ëm 6,7 Prozent an d’Luucht goen, op 33,9 Milliarden Euro.
"Mir kënnen eis dat erlaben"
Wat d'Investitiounen ugeet wier een op engem Rekordniveau vun iwwer 4,5 Milliarden Euro, esou de Minister. Dat wiere 4,4 Prozent vum PIB.
"Mir kënnen eis dat erlaben, well eis Einname sech no uewen entwéckelen."
D’Staatsschold soll bis 2030 bei all Kéier ënner 30 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung bleiwen. Bis Enn vun dësem Joer soll se awer op 29,3 Prozent vum PIB klammen.
Zejoert hat et nach geheescht, datt d’Staatsverschëldung bis 2029 bei all kéiers ronn 27 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung leie sollt. Stand haut soll d'Staatsschold bis 2030 progressiv nees erofgoen, esou datt een 2030 op 28,6 Prozent wier.
Minister kënnegt anti-zyklesch Politik un
Den Defizit beim Zentralstaat soll 2028 – och wéinst der Steierreform – op ronn 2,2 Milliarden Euro wuessen.
D’Äntwerte vun der CSV-DP-Regierung an onsécheren Zäiten, huet de Finanzminister Gilles Roth a senger Budgetsried esou resuméiert:
"Mir investéieren, mir entlaaschten, mir stäerken d’Kafkraaft, mir stäerken d’Betriber. A mir halen d’Staatsfinanzen ënnert Kontroll. Dat ass anti-zyklesch Politik."
Verteidegungsausgabe klamme weider
De Lëtzebuerger 'Effort de défense' soll d’nächst Joer op 1,4 Milliarden Euro klammen: Dat sinn 2,1 Prozent vum nationale Bruttoakommes (RNB). Mat wéi vill Lëtzebuerg d’Ukrain 2027 ënnerstëtzt, huet de Finanzminister haut net gesot.
De Policebudget soll 2027 op 600 Milliounen Euro klammen: e Plus vun 72 Milliounen.
"Mir investéieren och an nei Equipementer, gepanzert Gefierer an och Anti-Drone-Systemer."
Donieft géife Gespréicher lafe fir d’Uschafe vu Läschtmaterial aus der Loft bei Vegetatiounsbränn.
Steierfräi Schenkung an direkter Linn
D’Gesamt-Personalkäschte beim Staat solle 2027 staark klammen.
"5,5 Milliarden Euro am Joer 2027. Ee Plus vu 460 Milliounen Euro."
Den aktuelle Gehälteraccord am ëffentlechen Déngscht leeft nach bis Enn vun dësem Joer.
Ugekënnegt huet de Gilles Roth, datt d’Dauer vun der Steierbefreiung op Plus-value bei Aktieverkeef vun haut 6 Méint op 12 Méint soll eropgesat ginn. Betribstransmissiounen iwwer Schenkung an direkter Linn oder ënner Partner solle steierfräi ginn.
2026 soll den Defizit beim Zentralstaat bei geschaten 1,89 Milliarden Euro leien: Esou eng weider nei Zuel, déi de Finanzminister an der Chamber genannt huet.
Wirtschaft dréint méi lues wéi virausgesot
Fir d'nächst Joer gëtt mat engem Wirtschaftswuesstem hei am Land vu ronn 1,9 Prozent gerechent. Dat sinn 0,4 Prozentpunkte manner wéi beim Budget d’lescht Joer virausgesot goufen. Domat wier een zu Lëtzebuerg nach besser gestallt wéi an den europäeschen Nopeschlänner, mee:
“Och Lëtzebuerg bleift vun dëser méi schwaacher Dynamik net verschount.”
Wat d'Inflatioun ugeet géif d'Bild Stand haut méi positiv ausgesi wéi uganks gefaart. Fir 2027 geet de STATEC vun enger Inflatioun vun 2,1 Prozent aus. De Gilles Roth féiert dës ënner anerem op de Resilienz-Pak zeréck, deen an der Tripartite decidéiert ginn ass.
De Chômage bléift par contre héich (6,3 Prozent). Duerfir klëmmt de Beschäftegungsfong op bal 1,5 Milliarden Euro 2027: Ee Plus vun 206 Milliounen Euro.
Suite vun den Aarbechten um Budget
Nom Depot vum Budgetsprojet haut fänke muer um Donneschdeg d’Aarbechten an der Finanzkommissioun un: Um Programm stinn Echangë mat der Enregistrementsverwaltung, mat der Douane a mat der Steierverwaltung.
Budgetsrapportrice ass dëst Joer d’DP-Deputéiert Carole Hartmann. Dat war scho Mëtt Juli ugekënnegt ginn.
D'Oppositioun reagéiert gréisstendeels kritesch op de Budget 2027: Vill Suen, mee ze wéineg strukturell Äntwerten.