Betraff sinn och d‘Verbindungen tëscht Lëtzebuerg a Frankräich, sou d‘CFL. Et géif staark Perturbatioune ginn op der Streck Lëtzebuerg-Diddenuewen-Metz-Nanzeg. Och d‘TGVen tëscht Lëtzebuerg, Paräis a Montpellier wiere vum Streik betraff.
A Frankräich si besonnesch TGVen an Intercity-Zich betraff, bei den TGV-Inoui-Linne fuere bis de Méindeg de Moien nëmmen d‘Hallschent vun den Zich.