Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Verhütung

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Spannungen un der libaneesescher Grenz klamme weider

Noen Osten

Spannungen un der libaneesescher Grenz klamme weider

Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken huet op Visitt am Noen Oste virun enger Eskalatioun vum Krich gewarnt: Un der israeelescher Grenz mam Libanon géifen d‘Spannunge weider klammen. Déi israeelesch Arméi geet do verstäerkt géint Attacke vun der libanesescher Hisbollah Miliz vir.

auto_stories

1 min

An der Gazasträif loossen déi israeelesch Attacken net no. D‘USA hunn Israel op en Neits opgeruff, méi ze maache fir Zivilisten ze schützen.

Déi däitsch Ausseministerin Annalena Baerbock ass gëschter zu Jerusalem ukomm. Si soll haut um Méindeg an dat vun Israel besate palestinensescht Gebitt Westjordanland reesen an do mat Awunnerinnen a Awunner schwätzen.