Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Program (Pascal Schumacher Rework)

play_arrow Live
search

/ Sowjetesch Zwangsaarbechter:innen zu Lëtzebuerg: Ee Kapitel, dat kaum erfuerscht ass

“Keiner weinte, es gab keine Tränen mehr”

Sowjetesch Zwangsaarbechter:innen zu Lëtzebuerg: Ee Kapitel, dat kaum erfuerscht ass

Een neit Buch vun der Historikerin Inna Ganschow beliicht den Alldag an d'Aarbechtsbedéngunge vu Russen, Wäissrussen an Ukrainer, déi vun den Däitschen op Lëtzebuerg verschleeft goufen, fir hei ze schaffen. Ee Kapitel, dat kaum erfuerscht ass.

auto_stories

4 min

headphones

12 min

play_arrow

“Keiner weinte, es gab keine Tränen mehr” ass den Titel vun der Inna Ganschow hirem neie Buch. Een Zitat, wéi si am 100,7-Interview erkläert. Et hätt awer och hire Fazit kéinte sinn.

Ostarbeiter:innen zu Lëtzebuerg

D’Zitat staamt vun enger ukrainescher Ostarbeiterin, déi 1942 op Déifferdeng komm ass, a bis zur Befreiung vu Lëtzebuerg och do bliwwen ass. Hir geschriwwen Erënnerunge sinn ee raart Dokument, erzielt d’Inna Ganschow.

D’Geschicht vun de sowjeteschen Zwangsaarbechter:innen zu Lëtzebuerg ass ee Kapitel, dat kaum erfuerscht ass. Et sinn Affer vum Nationalsozialismus, déi iwwersi ginn, seet d’Inna Ganschow. Weder ee Commemoratiounsdag, nach eng Erënnerungstafel erënneren un dës Leit. Souguer um Site, wou d’Uni Lëtzebuerg haut steet, stounge fréier zwee Lager fir Zwangsaarbechter:innen. Haut erënnert awer näischt méi dorun.

D’Männer, déi zur där Zäit op Lëtzebuerg komm sinn, ware Krichsgefaangener, déi am Laf vum Krich festgeholl gi sinn. Iwwer d’Stammlager zu Tréier si si op Lëtzebuerg komm. Den zweete Grupp vu Leit, déi an där Zäit op Lëtzebuerg bruecht gi sinn, waren d’Ostarbeiter:innen. Dëst sinn Zivilisten – deelweis ganz jonk – déi op Lëtzebuerg verschleeft gi sinn, fir hei als Aarbechtskraaft ze déngen. Dat, well no der Zwangsrekrutéierung vun 1942 vill Leit gefeelt hunn an ersat hu misse ginn.

Een däischtert Kapitel an der Arbed-Geschicht

Virun allem d’Stolindustrie, déi zu deem Ament als Rüstungsindustrie gedéngt huet, huet Leit gebraucht. Eng 4.000 Leit sinn zu där Zäit op Lëtzebuerg komm. De gréissten Deel waren ukrainesch Fraen. D’Inna Ganschow konnt am Laf vun hire Recherchen 2.600 Nimm identifizéieren.

Gréissten Employeur war dofir deemools Arbed/Hadir. Hautdesdaags wëllt sech ArcelorMittal awer net zu deem Kapitel äusseren, erkläert d’Historikerin. Virun e puer Joer hätt si probéiert, Kontakt opzehuelen. Ouni Succès. Als Fuerscherin wier et awer och net hir Aufgab, iergendwellech Kompensatiounen am Numm vun den Affer ze fuerderen. Et dierft een awer och net vergiessen, datt d’Arbed deemools och ënner enger anere Leedung stoung, an dofir och eng Zort Affer vum Nationalsozialismus war.

Holzspillsaache fir d'Zivilbevëlkerung

D’Lager, an deenen d’Ostarbeiter:innen gelieft hunn, ware Baracken. Eenzeg Ausname waren d’Schlass Bewart an déi al Waasserfabrick um Belval. D’Leit hunn op deene Plaze gelieft wéi Sklaven: Vu pickegem Drot ëmginn, ronderëm d’Auer iwwerwaacht, a quasi keng Entlounung fir déi geleeschten Aarbecht. Och Kanner hu misse mat schaffe goen. Just déi ganz Jonk si mat deene ganz Alen am Lager bliwwen.

Et hat ee just ganz wéineg Fräizäit. Wann een awer net gefollegt huet, huet een déi och direkt ofgeholl kritt. An der Fräizäit konnten déi Gefaangen och mol bis an d’Uertschaft goen – streng bewaacht natierlech. Esou ass zum Beispill gewosst, datt si Holzspillsaache geschnëtzt hunn an déi mat der Zivilbevëlkerung getosch hunn.

Doudesaffer sinn et zu där Zäit natierlech och ginn. Zu Lalleng um Kierfecht leie ronn 40 Leit. Och op anere Kierfechter hätt ee Griewer vu sowjeteschen Zwangsaarbechter:inne fonnt, erkläert d’Inna Ganschow.

“Displaced person camps”

Déijéineg, déi iwwerlieft hunn, sinn an der Reegel net zu Lëtzebuerg bliwwen. Ausser, si waren an enger Partnerschaft, schwanger, oder scho Mamm. Mee déi sowjetesch Staatsbiergerschaft konnte si net ofleeën, a fir déi Lëtzebuergesch ze kréie war komplizéiert, soudatt déi Leit meeschtens ouni Pabeieren am Grand-Duché bliwwe sinn.Mee och no der Befreiung vun den Amerikaner haten déi meescht Ostarbeiter:innen nach keng Fräiheet. Si hu missen an de Lagere bleiwen, déi ëmgedeeft gi sinn an “Displaced person camps”. Op Silvester 1944 sinn dunn 2.700 Leit a Richtung Frankräich evakuéiert ginn. Dat wéinst dem Start vun der Ardennenoffensiv.

1945/46 sinn anerer eenzel op Sammelpunkten zu Huelmes an Aansebuerg komm, fir vun do rapatriéiert ze ginn. Ob dës Leit awer alleguer doheem ukomm sinn, ass net gewosst. Vill krute Verrot a Korruptioun virgehäit. Anerer hu misse beim Erëmopbau hëllefen. Entschiedegt sinn alleguer déi Mënschen ni ginn.

 

Lauschterenplay_arrow