Radioen

On air

9 bis 1  |  Alabama Shakes - Hold On

play_arrow Live
search

/ Soul, dee séileg mécht

Album vun der Woch

Soul, dee séileg mécht

“Ensatina” ass e Salamander, deen duerch d’Haut otemt. An no deem huet den Homer Steinweiss säin Debutalbum benannt, deen op d’mannst genee esou “à fleur de peau” ass.

auto_stories

3 min

Dem Homer Steinweiss säi Groove kennt bal jiddereen. Als Batteur huet den 42-järegen New Yorker op Albume gespillt vun Adele, Amy Winehouse, Charles Bradley, Sharon & the Dap Kings a ville méi. Zesumme mam Produzent Mark Ronson huet hien den typesche Retro Soul-Sound gepräägt, deen Ufank der 2000er omnipresent war.

Net ze vill Starfaktor

D’Enn vu senger Band virun e puer Joer an eng schmäerzhaft Trennung, hunn de Museker dozou motivéiert, een éischten eegenen Album opzehuelen. Déi eelef Titele vun “Ensatina” huet hie komponéiert a produzéiert, seng Texter awer léisst hie vu Musekerkolleeginnen a Kolleegen interpretéieren.

Invitéiert huet den Homer Steinweiss, dee sech als Solo-Kënschtler just Homer nennt, awer net déi ganz grouss Nimm, mat deenen hien an der Vergaangenheet zesummegeschafft huet, mee den Hether (alias Paul Castelluzzi), a girl named GOLDEN, Flikka oder d’Singer-Songschreiwerin MINOVA, déi een op der Single “So Get Up!” héiert. An dat war eng gutt Entscheedung, well ze vill Starfaktor hätt wuel ofgelenkt vun den Homer senge schéine Kompositiounen an delikaten Arrangementer.

Eng Zort “Refuge”

Alles fléisst hei, vum Opener “Rollin’” bis bei de funkege Schlusstitel “Goldie”, mee duerch déi Lidder, déi sech esou liicht lauschteren, zitt sech ëmmer och erëm eng gewësse Melancholie. Dat thematiséiert hien dann och am Text vun der Ballad “Hide It Behind The Light, I’m Shining Through”. Op der anerer Säit heescht et awer och am Titel “Now That It’s Over”: “Now That It’s Over, I’m Alright”. E Wonsch, formuléiert zu enger Zäit, wou et fir den Homer Steinweiss nach net esou ausgesinn huet, wéi wann hie sech jee erëm wierklech gutt géif spieren.

Et geet dem Homer Steinweiss hei net dorëm spektakulär technesch Kabrioulen op der Batterie ze weisen. Neen, hie stellt säi Spill ganz an den Déngscht vun den eenzelne Lidder, an huet och kee Problem domat, de Beat emol ganz ewech loossen.  

Den Album wier fir hien eng Zort “Refuge” gewiescht, huet de Museker erkläert, a genee esou kléngt “Ensatina” och. Et ass eng generéis Plack vun engem Kënschtler, dee sech dacks an den Déngscht vun anerer gestallt huet, an et och hei fäerdeg bréngt, sengem Publikum genee esou vill Trouscht ze ginn, wéi sech selwer.