D'Partei vum Premier Luc Frieden géif am ganze sechs Sëtz verléieren. D'Piraten zwee, an hätten domat just nach ee Sëtz am Parlament. A Prozent kéim d'CSV nach op 22,8 Prozent (7 Prozent manner wéi bei de Walen 2023).
Trotz Majoritéitsverloscht mat der CSV leet DP bäi
Déi Liberal leeën 2,5 Prozent bäi. Zesumme mat der CSV kéim een awer op keng Majoritéit méi. D'LSAP kéim op 18,2 Prozent vun de Stëmmen, genee esou wéi bei de Walen 2023. déi gréng géifen am Verglach zu de leschte Walen dräi Sëtz bäigewannen, genee esou wéi d'ADR.
ADR hätt bescht Resultat zënter der Parteigrënnung
D'alternativ Reformpartei hätt an deem Fall aacht Sëtz, ee méi wéi no hirem beschte Walresultat 1999.
Déi Lénk géifen zwar liicht bei de Prozenter wannen, mee bei de Sëtz stoe bleiwen.
Keng Zwou-Parteie-Regierung méiglech
Zwou Parteien eleng hätten dësem Sondage no keng Majoritéit méi. Gambia, also blo-rout-gréng, hätt anescht wéi no de Walen 2023 awer nees eng Majoritéit.