D’ADR war een – wann net esouguer deen – grousse Gewënner vun der leschter Sonndesfro, déi am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort duerchgefouert gouf. Déi alternativ Reformpartei kënnt op 12,8 Prozent, an etabléiert sech domat als véiert stäerkst Partei.
A Sëtz ausgedréckt géing d’ADR e Sprong vu 5 op 8 maachen. Ee Sëtz méi wéi 1999, wéi d’Partei hiert bis dato beschte Walresultat verbuche konnt.
Ofschneiden an der Sonndesfro als Resultat vun enger gudder Oppositiounsaarbecht
D’Parteipresidentin Alexandra Schoos freet sech iwwer dat Resultat. Dat ass wéineg iwwerraschend. Am 100,7-Interview mengt si, datt et puer Grënn dofir ginn.
Op der enger Säit wiere vill Wieler:innen net zefridde mat der Regierungsaarbecht. Dat wier awer net déi eenzeg Erklärung, schliisslech huet eng DP als Regierungspartei ee Sëtz bäigewonnen.
Virun allem géing dës Ëmfro dofir d’Aarbecht vun der Partei an de Leit um Terrain valoriséieren. Et géing een dem Alexandra Schoos no also eng gutt Oppositiounspolitik maachen.
“Mir schwätze Sujeten un, mir hunn eis Theemen: Lëtzebuerger Sprooch, Migratiounspolitik, Sécherheetspolitik. An zu gudder Lescht do, wou mir hier kommen, d’Pensiounspolitik.”
Elo gelt et déi gutt Aarbecht virun ze maachen an d’Wieler:innen net ze enttäuschen, esou d’ADR-Parteipresidentin.
Alexandra Schoos: Kee Rietsruck zu Lëtzebuerg ze erkennen
An der Sonndesfro sinn déi 1.800 Befroten och gefrot ginn, ob et och zu Lëtzebuerg zu engem Rietsruck komme kéint. 58 Prozent sote Jo. Bei den ADR-Wieler:inne waren et souguer 80 Prozent.
D’Alexandra Schoos betount awer, datt si zu Lëtzebuerg kee Rietsruck erkenne kann. Si argumentéiert, datt elo eng Gambia-Koalitioun nees am warscheinlechsten ass, well d’CSV un Zousproch verluer huet.
Mee um Enn vum Dag wéilt si net ze vill an déi Ëmfro interpretéieren. “Den 8. Okotber 2028 gesi mir, a wéi eng Richtung et geet.”
Vum AfD-Opschwong profitéieren?
Dacks gi Parallellen tëschent däitschen a Lëtzebuergesche Partie gezunn. Dat schlecht Walresultat vun déi gréng bei de leschte Walen hu vill Leit och op déi niddereg Beléiftheet vun deene Gréngen an Däitschland zeréckgefouert.
Kéint de Succès vun enger rietsextremer AfD der ADR elo en Opschwong ginn? D’Alexandra Schoos gesäit dat méi nuancéiert.
“Ech mengen net, datt de Wieler hei e Vergläich zitt. (...) Et ass d’Politik, déi dohannert stécht, déi wichteg ass ze kucken. Däitschland, d’AfD, Sachsen-Anhalt a Mecklenburg-Vorpommern, déi si méi wäit fort. Dat ass eng ganz aner Situatioun wéi hei. Ech mengen net, datt mir dovu profitéieren.”
Et kéim dacks op déi lokal Politik a Problemer un, déi esou Resultater ervirbréngen, seet d’Alexandra Schoos.
Thematesch Schwéierpunkten: Just op Polemik aus?
Net vun der Hand ze weisen ass awer, datt béid Parteien dacks déi selwecht Sujeten uschwätzen: Migratioun, Sécherheet, Kriminalitéit.
Wëllt eng ADR bewosst fir Polemik suergen?
Op kee Fall, mengt d’ADR-Presidentin. Dat wieren eebe grad déi Theemen, déi dominéieren – och op europäeschem Niveau.
“De Bierger gesäit: ‘OK, do muss wierklech eppes gemaach ginn.’ An déi jëtzeg Regierung huet dat elo och erkannt.”
Eventuelle Koalitiounspartner an der nächster Regierung?
Et fënnt een also net alles schlecht, wat d’Regierung aktuell probéiert ëmzesetzen. Et hätt vläit och besser, schliisslech kéint et 2028 dorop erauslafen, datt een dräi Koalitiounspartner brauch. Zäit also fir d’ADR, sech mat deenen anere gutt ze hale fir sech a Positioun ze stellen?
Iwwer Koalitioune sollt ee réischt no de richtege Wale schwätzen, seet d’Alexandra Schoos, déi awer betount, mat jidderengem wëllen ze kooperéieren, wann de Sujet stëmmt.
Ob déi aner Parteien dat och esou empfannen, dat misst ee si froen, seet d’ADR-Politikerin.
D'ADR setzt op de Kollektiv an net op een eenzelt Zuchpäerd
Dacks hänkt dat gutt Ofschneide vun enger Partei bei de Wale mam gudde Resultat vun enger eenzelner Persoun of.
Bei der leschter Sonndesfro am Juli, wou d’Leit ënner anerem zu den eenzelne Käpp befrot gi sinn, huet sech awer rausgestallt, datt d’ADR-Politiker éischter am leschten Drëttel vum Ranking rëmzefanne sinn.
Dat gesäit d’Alexandra Schoos net als problematesch un. Et wéilt ee bewosst keen Zuchpäerd à la Xavier Bettel oder Paulette Lenert. Wann dat géing fortfalen, da géingen och vill Stëmme fortfalen.
“Wéi seet een op Franséisch: l’Union fait la force.”
"Mir stinn zur Europäescher Unioun"
D’ADR gëllt am Verglach zu den anere Parteien hei am Land als éischter euroskeptesch. Esou gëtt déi alternativ Reformpartei alt mol wouergeholl.
D’Alexandra Schoos wiert sech awer géint deen Image. An deem Punkt géing ee sech och vun enger däitscher AfD ënnerscheeden.
“Mir stinn zur Europäescher Unioun. Dat steet ausser Fro als Lëtzebuerg. Mir sinn ofhängeg vun der Europäescher Unioun an dem Euro. Ech géing eis ni als euroskeptesch gesinn.”
Causa Kartheiser: Fraktiouns-Wiessel kann hien net eleng decidéieren
Een, deen awer op EU-Niveau fir negativ Schlagzeile suergt, dass de Fernand Kartheiser. Hie sëtzt als Fraktiounslosen am Europaparlament nodeems déi konservativ Fraktioun ECR hie wéinst senge Reesen a Russland a senger pro-russescher Haltung ausgeschloss hat.
Am September sot hien nach um Mikro vum Radio 100,7, hie wéilt den Ament nach net enger anerer Fraktioun bäitrieden, hätt awer scho vill Offere kritt.
Dorënner sécher d’Fraktioun Europe of Sovereign Nations, där och eng AfD ugehéiert, an d’Patriots for Europe, ze deenen de Rassemblement National gehéiert.
D’Alexandra Schoos stellt awer nach emol kloer: De Fernand Kartheiser kann net eleng decidéieren, enger neier Fraktioun bäizetrieden. D’ADR hätt iwwerdeems och net wëlles, aus der ECR Fraktioun auszetrieden.