Radioen

On air

Soundcheck  |  Florence and the Machine bei de BBC Proms 2024

play_arrow Live
search

/ Solidaritéitsmarsch géint Gewalt géint Fraen

Gesellschaft

Solidaritéitsmarsch géint Gewalt géint Fraen

Am Kader vun der Orange Week, koumen de Samschdeg ronn 300 Fraen a Männer fir de Solidaritéitsmarsch géint Gewalt géintiwwer Fraen an der Stad zesummen. Zwou Haaptrevendicatioune stoungen am Vierdergrond. Datt nieft der häuslecher Gewalt och iwwert aner Forme vu Gewalt op der Aarbecht oder am Alldag sensibiliséiert gëtt an d’Gesetzgebung ëm de Feminicide verschäerft gëtt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Carole Schimmer

Et misst een Zeeche gesat gi fir ze weisen, datt d’Gewalt géint Fraen eng kriminell Dot ass, dowéinst misst de Feminicide an d’Strofrecht ageschriwwe ginn, betount d’Claudine Speltz, Presidentin vum conseil national des femmes.

"Il y a eu un crime et ce crime, il a une cause aggravante, c'était une femme, on doit le signaler. Ce qui se passe pour l'instant en France autour du procès des violeurs de Mme Pellico, c'est important, c'est de faire connaître cette notion que c'est un crime contre les femmes. Et le fait de nommer les choses par leur nom, de leur donner une identité, ça permet de renforcer cette notion."

An de Riede gouf de Fall vun der Gisèle Pélicot ernimmt, där hire Mann si wärend 10 Joer reegelméisseg betäubt an aner Männer invitéiert huet si ze vergewaltegen.

De Message war kloer: La honte change de camp, net d’Affer solle sech schummen, mee d’Täter.

Eng nei Ulafstell fir betraffe Fraen

A grad well d’Affer vu Gewalt fragiliséiert sinn, lancéiert d’Ministesch vun der Gläichstellung d’Yuriko Backes, ee Pilotprojet mat enger zentraler Ulafstell fir d’Affer.

"Dat ass jo scho schlëmm genuch, wann een dat all Kéiers nees muss erëmerliewen, wann ee muss verzielen… Nee, mir hätte gären, datt op enger Plaz déi Hëllef bei d'Victime kënnt an net d'Victime muss op eng ganz Partie vu Plaze goen, fir Hëllef ze sichen. Mir schaffen elo un engem Pilotprojet, dee soll an deenen nächste Méint stoen. Et ass och budgetiséiert."

Donieft ginn et nach aner Revendicatioune vun de Fraen, well ëmmer nach net genuch Mëttel do si fir Fraen an Nout, déi eleng sinn oder Kanner hunn, ze begleeden. Och feelt et dacks u Logementer fir deenen Affer nom Fraenhaus kënnen een Ënnerdaach unzebidden, huet d’Andrée Birnbaum vu Femmes en détresse ënnerstrach.

Weider gouf haut och un d’Affer vu Vergewaltegungen an de Krichsgebidder, an un déi Afghanesch Frae geduecht, déi hir elementar Rechter op eng fräi Bestëmmung mat den Taliban verluer hunn.

Lauschterenplay_arrow