Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
search

/ Solidaritéit mat Mayotte: Gedenkminutt a Frankräich

Nom Zyklon

Solidaritéit mat Mayotte: Gedenkminutt a Frankräich

A Frankräich ass haut en Dag vun der nationaler Trauer als Zeeche vu Solidaritéit mat Mayotte, wou den Zyklon Chido virun 10 Deeg massiv Zerstéierung an op d‘mannst 35 Doudesaffer verursaacht huet. Eng Gedenkminutt soll an der Mëttesstonn observéiert ginn.

auto_stories

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Op Mayotte gëtt weider dru geschafft, essentiel Servicer wéi Waasser- a Stroum-Versuergung ze retabléieren. De Stuerm, deen duerch d‘Klimaerwäermung verstäerkt gouf, huet och aner Länner getraff. A Mozambique gouf et engem neie Bilan no op d'mannst 94 Doudeger, an a Malawi koumen 13 Mënschen ëm d‘Liewen.