Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Lescop - L'Hiver Sur Tes Lèvres

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Attentat - Slowakesche Premier Fico nach net ausser Liewensgefor

Kriteschen awer stabillen Zoustand

No Attentat - Slowakesche Premier Fico nach net ausser Liewensgefor

De Verdeedegungsminister Robert Kalinak sot, no enger Spezialsëtzung vum Sécherheetsrot zu Bratislava, datt de Fico zwar stabiliséiert wier awer nach net ausser Liewensgefor. De Politiker war fënnef Stonne laang operéiert ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Mateusz Wlodarczyk play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Mateusz Wlodarczyk

Den 59 Joer ale Regierungschef war um Mëttwochmëtte fënnef Stonne laang operéiert ginn, nodeems hie vun engem Attentäter ugeschoss gouf. 

Dem Robert Fico säin éischte Stellvertrieder an der Regierung huet gesot, den Zoustand vum slowakesche Premier hätt sech no enger Noutoperatioun stabiliséiert. Den Zoustand wier awer weiderhin eescht. Gëschter Owend hat et nach geheescht, dem Fico säin Zoustand wier liewensbedrolech.

Täter gouf direkt festgeholl

Direkt nom Attentat gëschter Mëtteg hat d’Police an der Slowakei den 71 Joer alen Täter festgeholl. Een éischt Verhéier hätt gewisen, datt de Mann een “kloert politescht Motiv” gehat hätt. Den Attentäter wier géint d’Regierungspolitik, esou heescht et vum slowakeschen Inneminister.

An engem Video vun der Policestatioun, dee verschidde Medien zougespillt kritt hunn, seet den Attentäter, datt hie géint déi geplangte Mediereform wier, géint déi zanter Wochen Dausende Leit an der Slowakei demonstréieren.

"Prorussesche" Politiker 

De Robert Fico ass Chef vun der Lénkspartei Smer-SSD, déi ëmmer méi nationalistesch ginn ass. Seng Géigner nennen de beléifte Politiker "prorussesch”.

De Lëtzebuerger Premier huet sech zudéifst schockéiert gewisen iwwer d’Noriicht, datt de slowakesche Premier ugeschoss an an d’Klinik bruecht gouf. Esou Gewaltdoten hätten an eiser demokratescher Gesellschaft keng Plaz, esou de Luc Frieden op der Plattform “X”.

De gewielte slowakesche President Peter Pellegrini huet iwwerdeems dozou opgeruff, d’Campagne fir d’Europawalen auszesetzen.

Lauschterenplay_arrow