Fluchverkéier um Findel huet sech normaliséiert, keng Flich méi annuléiert
Um Findel huet de Fluchverkéier sech normaliséiert – dat nodeems gëschter wéinst Schnéi eng ganz Partie Verbindungen annuléiert goufen – dorënner siwe Flich vun der Luxair. Um Internet Site vum Fluchhafe Luxaiport si fir de Rescht vum Dag keng Flich méi als annuléiert ugewisen.
Nodeems et um Sonndegowend vill geschneit hat, hat d'Luxair verschidde Fluchverbindunge bis op Weideres annuléiert. Wéinst dem Schnéi wieren d‘Pisten um Findel méi wéi zwou Stonne laang zougemaach ginn. Och vill aner Flughäfen, wou d‘Luxair hi flitt, wiere wéinst de Wiederkonditioune gespaart ginn.
Déi betraffe Passagéier wieren informéiert ginn. D‘Luxair géif hinnen hëllefen aner Léisungen ze fanne fir op hir Destinatiounen ze kommen.