arrow_back_ios
search
search
/ Singapore Smash: Bronzemedail fir Ni Xia Lian a Sarah de Nutte
Dëschtennis
Singapore Smash: Bronzemedail fir Ni Xia Lian a Sarah de Nutte
Am Dëschtennis sinn d’Ni Xia Lian an d’Sarah de Nutte an den Halleffinalle vum Dubbel beim Singapore Smash eliminéiert ginn. An der Ronn vun de leschte véier hunn d’Lëtzebuergerinnen de Moie fréi 1:3 géint d’Chinesinne Meng a Wang verluer, gewannen domat awer d’Bronzemedail.
auto_stories
1 min

Ni Xia Lian Sarah de Nutte (Foto: dpa/Kessler-Sportfotografie)