Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sexuell Belästegung an der Sauna: Wéi geet d'Schwämm zu Stroossen dogéint vir?

Sauna

Sexuell Belästegung an der Sauna: Wéi geet d'Schwämm zu Stroossen dogéint vir?

An de leschte 16 Joer goufen et 6 Fäll vu sexueller Belästegung an der Sauna vun der Stroossener Schwämm. Dovunner 3 dëst Joer. Dat geet aus Berichter aus der Press ervir. Déi géifen net der Wouerecht entspriechen, seet d'Jutta Kleiber vun der Direktioun.

auto_stories

2 min

© Bigstock / timofeev
Foto: Bigstock / timofeev

Geschriwwe vum Pebia Urban

Et wier absolut net an der Rei, der Direktioun virzewerfen näischt ze maachen. Wat hinnen zur Kenntnis komme géif, géif een ëmmer korrekt handhaben, esou d'Jutta Kleiber.

"Wenn wir nichts wissen, können wir nichts tun. Wir sagen, jeder Fall von Belästigung ist einer zu viel, grundsätzlich, ja. Es darf solche Fälle nicht geben. Es gibt sie leider, und wir können sie auch nicht zu 100 Prozent verhindern."

Mataarbechter:inne wiere reegelméisseg am Austausch, fir datt jidderengem d'Prozedure bekannt wieren.

Wächtersystem an alle Beräicher vun der Sauna

Duerch Postere sollen d'Visiteure vun elo un och iwwer d'Zero-Tolerance-Policy informéiert ginn. Dat heescht, datt bei all Fall vu sexueller Belästegung d'Police alarméiert gëtt. Elo stellt sech dann d'Fro, wat huet d'Stroossener Schwämm bis elo gemaach, fir esou Virfäll ze verhënneren?

D'Jutta Kleiber erkläert, datt et ee sougenannte Wächtersystem gëtt. An All Sauna, am Whirlpool an am Wantergaart gëtt et deemno Kontrollstatiounen, bei deene Mataarbechter:innen mussen uginn, datt si do gekuckt hunn.

"Man muss auch wissen, dass es Kunden gibt, die sagen 'jetzt kommen die scho wieder für die Kontrollen, ich möcht nur mal 15 Minuten entspannen'. Die Kehrseite der Medaille."

Leit sollte Fäll direkt mellen

An all Saunakabinn géif et och ee Knäppche fir Noutfäll ginn. An den Dusche gëtt et een Telefon. Dat wiere schonn ëmfangräich Mesuren, fënnt d'Jutta Kleiber. 

Et wier och wichteg, datt ee sech an esou engem Fall direkt mellt, fir datt een den Täter direkt kéint identifizéieren, éier dee fortgelaf ass. Aktuell hätt déi Berichterstattung nach keng Konsequenzen op d'Zuel vun hire Clientë gehat. Et wieren nach genee esou vill Leit, déi an d'Sauna kéime wéi virdrun.