Och wann d'Zuel vu Fäll vu Coqueluche zouhëlt, gesäit de President vun der Kannerdokterassociatioun, de Serge Allard, awer kee Grond zur Panik.
“Ech mengen net, datt et elo geféierlech ass, mee et ass eng Krankheet, déi penibel ass, well een dräi Méint laang Houscht, wann ee wierklech elo dat komplett Krankheetsbild huet. Et ass méi geféierlech fir déi ganz kleng Kanner, déi e puer Méint hunn. Déi kënnen effektiv ophale mat ootmen. An dofir si mir och drop erpicht fir alleguer déi Neigebueren ze impfe schonn direkt vun zwee Méint un.”
Et feelt u Kannerdokteren
De Serge Allard confirméiert och de Manktem u Kannerdokteren.
D’Santé hat virun zwee Deeg eng Statistik publizéiert, déi drop hindeit, datt et hei am Land méi Kannerdoktere pro Awunner gëtt wéi an eisen Nopeschlänner. De Serge Allard nuancéiert dës Zuelen awer. Hie betount, zu Lëtzebuerg géifen d’Pediater net just Kanner behandelen, déi och hei am Land wunnen.
“Elo musse mir wëssen, datt hei zu Lëtzebuerg 900.000 Leit bei der CNS ageschriwwe sinn. Dat sinn der natierlech och aus der Groussregioun. An déi kommen sech all op Lëtzebuerg soignéieren, souwuel bei de Kannerdokter, wéi och en IRM maachen oder bei d’Gynekologen. Well se kréien natierlech vun der CNS alles erëm bezuelt. An dofir ass et schwiereg vun engem Pediater op 5.000 Awunner ze schwätzen, well mir soignéiere vill méi Leit, ewéi déi déi hei wunnen."
Däitlech mann Fäll vu Bronchiolite
An der Kannerklinik ginn et dëse Wanter iwwerdees däitlech manner Fäll vu Bronchiolite, ewéi d’lescht Joer. Dat sot de President vun der Associatioun vun de Kannerdokteren am 100,7-Interview. Den Dokter Serge Allard betount, dat géif weisen, datt d’Impfung géint d’Bronchiolite gutt géif gräifen: 84 Prozent vun de Puppelcher, déi dëse Wanter op d’Welt koumen, hätten déi Impfung kritt.