Radioen

On air

9 bis 1  |  Maehila - Sérénité

play_arrow Live
search

/ Seoul: Suspendéierte President léisst sech net verhaften

Verhaftungsversuch gestoppt

Seoul: Suspendéierte President léisst sech net verhaften

An der südkoreanescher Haaptstad Seoul hu sech de Freideg de Moien dramatesch Zeenen ofgespillt. Polizisten hu probéiert dee suspendéierte President Yoon Suk Yeol ze verhaften. Dem President seng Sécherheetsekippen hunn dat awer verhënnert.

auto_stories

2 min

© Flickr / Kang Min Seok
(Foto: Flickr / Kang Min Seok)

Südkorea ass momentan och nach am Schock – den 29. Dezember ass e Fliger erofgefall, 179 Mënsche si gestuerwen. D’Ermëttlungen, wéi et konnt zum schlëmmen Accident kommen, lafen nach. D’Ana Angel huet sech d’Situatioun a Südkorea méi genee ugekuckt.

Zaldoten a Sécherheetsersonal blockéieren Demonstranten

Scho beim Versuch op den Terrain vum President sengem Haus ze kommen, sinn déi südkoreanesch Policebeamte vun engem Trupp Zaldote gehënnert ginn. An och d’Sécherheetspersonal vum President Yoon Suk Yeol hunn d’Beamten net eragelooss. Déi hunn doropshi missen demi-tour maachen.

Hannergrond ass een Haftbefeel géint de President: deen hat nämlech Ufank Dezember d’Krichsrecht ausgeruff. Elo gëtt him Muechtmëssbrauch virgehäit. De President hätt sollte vun der Police verhéiert ginn, mee hien huet wuel net op d’Aluedunge reagéiert – dofir elo den Haftbefeel fir de Mann festzehuelen, deen nach bis e Méindeg gülteg ass. Dem Yoon Suk Yeol seng Affekote soen, dësen Haftbefeel wier illegal an deemno och net gülteg.

Solidaritéitsmanif virum Haus vum President

A südkoreanesche Medie gëtt sech éischter skeptesch gewisen, ob déi Verhaftung nach virum Méindeg kann duerchgeféiert ginn.

Virum Haus vum President, am räiche Stadvéirel Hannam zu Seoul hu sech mëttlerweil honnerten Demonstrante versammelt, déi sech solidaresch mam President weisen. Ënnert hinne sinn och bekannt rietsextrem Perséinlechkeeten. Och d’Demonstranten hunn dem President sengem Sécherheetspersonal dobäi gehollef, d’Policebeamten net duerchzeloossen, berichte südkoreanesch Medien.

E Fligeraccident erhëtzt d'Gemidder weider

En anert Theema an de südkoreanesche Medien ass d’Fro, wéi et konnt zu dem schlëmmen Accident um 29. Dezember kommen. Do war e Fliger bei der Landung erofgefall an an eng Bëtonsmauer geknuppt. Déi 179 Passagéier si gestuerwen, just zwou Stewardessen hunn iwwerlieft. Elo gëtt de Wrack vum Fliger vum Flughafe fortbruecht fir d’Ursaach vum Accident eraus ze fannen. Den Ermëttler no kéint d’Ursaach souwuel e Vugel wéi och e Feeler am Chassis sinn. Froe stelle sech och, ob déi Bëtonsmauer op där Plaz zoulässeg war. De Chef vun der Airline Jeju Air däerf zënter den Donneschdeg d’Land net méi verloossen.