Trotz enger Gruppephas, an där déi däitsch Ekipp net op ganzer Linn iwwerzeege konnten, si si als klore Favorit géint Paraguay an de Match gaangen.
Paraguay stoung déif hannen dran, mee Wirtz, Undav a Co. ass näischt agefall, fir den déiwe Block ze ëmspillen. Kuerz virun der Paus ass Paraguay mat 1:0 a Féierung gaangen, déi de Kai Havertz kuerz no der Paus nees ausgläiche konnt.
Am Eelefmeterschéissen hunn dunn Havertz, Woltemade an Tah verschoss, soudatt Paraguay an der Aachtelsfinall steet.
Oranje versoen d'Nerven
Dat mécht och Marokko, déi sech och no 1:1 no Verlängerung géint Holland am Eelefmeterschéissen duerchsetze konnten. Fir Oranje hu Kluivert, Timber a Summerville verschoss.
Wärend dem Match haten d'Marokkaner liicht méi vum Spill, esou datt d'Victoire um Enn och verdéngt ass. Fir d'Ekipp ronderëm den Trainer Ronald Koeman sécherlech eng grouss Enttäuschung, esou fréi scho mussen heem ze fléien.
Ancelotti-Ekipp gehäit Geheimfavorit Japan eraus
Gëschter am fréien Owend konnt sech Brasilie scho mat 2:1 géint Japan duerchsetzen.
D’Japaner, déi fir vill Leit als eng Zort Geheimfavorit gegëllt hunn, hu sech relativ vill hannen eragestallt an de Brasilianer d’Spill iwwerlooss, esou datt déi – och ouni op ganzer Linn ze iwwerzeegen – an der Nospillzäit duerch de Gabriel Martinelli den 2:1 geschoss hunn.