Et war e kierperbetounte Match. An der éischter Véierelsstonn ass de Ball gefillt ni méi wéi eng Minutt um Stéck gerullt, ouni datt ee Foul de Spillfloss ënnerbrach hätt.
Gordon bréngt England a Féierung
England hat liicht méi vum Spill, ouni awer zwéngend Chancen erauszespillen. Argentinie koum géint der Enn vun der éischter Hallschent du besser an de Match.
No 55 Minutte waren et awer d'Three Lions, déi duerch den Anthony Gordon mat 1:0 konnten a Féierung goen. Et sollt awer den Ufank vun der Nidderlag fir d'Englänner bedeiten, déi vun deem Moment u just nach hannendra stoungen.
Argentineschen Drock ass ëmmer méi grouss ginn
Argentinien huet den Drock extreem héich gehalen. Am Ufank konnt den Jordan Pickford nach e puermol exzellent op der Linn halen, no 85 Minutte konnt hien awer bei engem Wäitschoss vum Enzo Fernandez näischt maachen.
Argentinien huet net labber gelooss. Den 2:1 louch an der Loft. An tatsächlech: No enger Flank vum Messi kënnt den agewiesselte Lautaro Martinez fräi am 16-Meterraum zum Käpper.
Argentinien trëfft e Sonndeg an der Finall elo op Spuenien. England dierf am Match ëm déi drëtt Plaz géint Frankräich nach op en Happy End hoffen.