Radioen

On air

9 bis 1  |  Klassik Aktuell

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Selenskyj schwätzt sech géingt Presidentschaftswalen am Mäerz aus

Ukrain

Selenskyj schwätzt sech géingt Presidentschaftswalen am Mäerz aus

Den ukrainesche Präsident Wolodymyr Selenskyj huet sech kloer géint Presidentschaftswalen a sengem Land ausgeschwat. Et wier elo de Moment vu Krich a vum Verdeedege vum Vollek, an net de Moment vu Walen, sou de Selenskyj.

auto_stories

1 min

E Freideg hat et nach geheescht, de Selenskyj géif d‘Argumenter fir a géint Walen analyséieren.

Ouni déi russesch Invasioun wieren eigentlech Legislaturswalen am Oktober vun dësem Joer a Presidentschaftswalen am Mäerz vum nächste Joer.

D‘Ukrain steet allerdéngs ënner Drock vum westlechen Ausland a besonnesch vun den USA, déi onbedéngt demokratesch Wale wëllen.