Radioen

On air

Notturno  |  Timo Lassy & Juka Eskola - Cross-Atlantic Connection

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Selenskyj nennt Konditioune fir e Waffestëllstand

Krich an der Ukrain

Selenskyj nennt Konditioune fir e Waffestëllstand

D‘Ukrain kéint e Waffestëllstand mat Russland akzeptéieren, wann déi aner Deeler vum Land ënnert d‘Protektioun vun der NATO gestallt ginn. Dat sot den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj an engem Interveiw mat Sky News.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Kay Nietfeld
Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld

Den ukrainesche President huet sech och zouversichtlech gewisen, datt et der Ukrain no dëser Phas da gelénge wäert, fir déi aner Territoire, déi elo vu Russland kontrolléiert ginn, op diplomateschem Wee erëm kënnen ze wannen.