Radioen

On air

Notturno  |  Aaron Abernathy - I Want You Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Liewen am gréisste Lager fir Flüchtlingen a Jordanien

Aarbechtsvisitt a Jordanien

D'Liewen am gréisste Lager fir Flüchtlingen a Jordanien

D’Situatioun vu syreschen a palästinensesche Flüchtlingen a Jordanie war den Haaptaccent vun der Aarbechtsvisitt, déi den Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel déi lescht Deeg a Jordanie gemaach huet.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Jeampier Arguinzones

Hie war ënner anerem zu Zaatari an engem vun de gréisste Flüchtlingslagere fir Syrer:innen. Zwee Joer laang huet Zaatari keng wierklech Opmierksamkeet kritt, d'Visitt vum Xavier Bettel war no laanger Zäit eng vun den éischten an dësem Genre.

Dausende Wunncontainer aus Blech bestëmmen d'Bild vu Zaatari, 80.000 Flüchtlingen aus Syrie wunnen hei ënner schwierege Konditiounen. 22.000 Kanner ginn an eng vun den 32 Schoulen, déi et am Lager ginn.

D'Kanner mee och déi Erwuesse brauche vill Gedold. Si kënnen a Jordanien net an hire respektiven Aarbechte schaffen. Vill vun hinnen hëllefen an der Landwirtschaft - aktuell hu 70 Prozent vun den Aarbechter:innen an där Branche déi syresch Nationalitéit.

Eng gewëss Bewonnerung fir d'Organisatioun am Lager

Am Lager selwer huet sech e Stadliewen organiséiert - an der Maartstrooss, de Champs-Elysés, wéi se vun der syrescher Communautéit genannt gouf, fënnt een alles, wat een esou brauch: Vu Chipse bis bei d'Brautkleed, vum Schouster bis bei de Coiffer.

Xavier Bettel a Jordanien | © Sophie Morang
Xavier Bettel a Jordanien (Foto: Sophie Morang)

Bei senger Visitt huet de Xavier Bettel eng gewësse Bewonnerung fir d'Organisatioun am Camp ausgedréckt.

Den UNHCR geréiert an organiséiert d'Lager an ënnerstëtzt d'Flüchtlingen och finanziell. Mir brauchen Opmierksamkeet, seet de Roland Schönbauer vum UNCHR. Déi syresch Flüchtlinge liewen deelweis zanter enger Dose Joren am Lager. Dat belaascht d'Material vun hire Wunncontainer. D'Material am Lager kënnt u seng Grenzen, seet de Roland Schönbauer.

"Im Winter regnet's herein, im Sommer kommen Reptilien herein, oder der Sand. Sie sind sowieso schlecht zu kühlen oder zu heizen, weil sie aus Blech sind. Auch der Grundwasserpegel ist ein Problem, weil der weiter sinkt hier in Zaatari."

D'Modellland Jordanie wëllt keng weider Flüchtlingen ophuelen

Fir déi wéinegst vun dëse Flüchtlingen zeechent sech eng ganzheetlech Léisung un. Vill wëllen zeréck an hir Heemecht, mee net ënner den aktuelle Conditiounen. De Roland Schönbauer weist awer op d'Gaaschtfrëndlechkeet vun de Jordanier:innen hin. Si wieren zu 97 Prozent positiv agestallt, a Jordanie wier domat e Modellland, wat d’Opnam vu Flüchtlingen ugeet, esou de Roland Schönbauer vum UNHCR.

An awer wëllt Jordanie keng weider Flüchtlingen ophuelen, déi notamment duerch de Krich an der Gazasträif kommen, sot de jordaneschen Ausseminister Ayman Safadi den Donneschdeg. Et wier een absolut um Enn vun de Capacitéiten ukomm; Stéchwuert Grondwaasser.

Nieft 1,3 Millioune syresche Flüchtlinge liewen awer och iwwer 2,5 Millioune Palästinenser:innen a Jordanien.

Lauschterenplay_arrow