Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schwéiert Äerdbiewen an Taiwan - Op d'mannst 7 Doudeger

7,4 op der Richterskala

Schwéiert Äerdbiewen an Taiwan - Op d'mannst 7 Doudeger

An Taiwan gouf et hënt dat stäerksten Äerdbiewen zanter 25 Joer. Den Epizenter war ënnert dem Mier virun der Küst bei der Stad Hualien. D‘Biewen hat eng Stäerkt vu 7,4 op der Richterskala.

auto_stories

1 min

Äerdbiewen Taiwan | © Shehryar Sajid Khan / X
Foto: Shehryar Sajid Khan / via X

De virleefege Bilan vun den Affer ass geklommen, op elo 7 Doudeger an iwwer 700 Blesséierter, esou d‘Autoritéiten. An der Stad Hualien hu Rettungsekippe Leit aus Gebaier befreit, déi an de Koup gefall sinn.

Et gouf Tsunamiwarnungen och an den Nopeschlänner Japan an de Philippinnen. Déi goufen awer nees opgehuewen.